--Cornischong 20:31, 12 Abrëll 2006 (UTC)

1. Wann op der Websäit vun der Gemeng de Claude Thilges als Buergermeeschter steet, do wonneren ech mech alt, datt s de de "Gilles KINTZELE" (an de Familljenumm och nach a Groussbuschtawen) ugëss. 2. Beim Eropluede vu Biller geet ausdrécklech Rieds vum Copyright!! A vun de Lizenzen un de Biller. Et géif mech wonneren, wann déi Fotoen, déi vun enger Apple-Säit stamen, copyrightfräi wieren.
Mer kéinten dat nach klären, soss kréie mer e Problem mat Apple. An deenen anere Wikipediaen hu se (wann ech emol an der däitscher kucken) selwer gemaachte Fotoen vu Macen. --Cornischong 20:43, 12 Abrëll 2006 (UTC)

Zousazfro: wann ech "Dem ApplEric seng HP" uklicken, da geschitt näischt, ass do e Problem? --Cornischong 20:46, 12 Abrëll 2006 (UTC)

D'Cornischong huet Recht waat d'copyright ugeet. Am Prinzip steet alles op der Applesäit an anner Appleprodukter op anner Säiten enner copyright. Dei eenzeg Ausnahm ass wann Apple ausdrecklech seet datt d'Bild gedownloaded a reproduzéiert kann gin . Sou kanns de wei op den anneren Wikipedien däin eegenen iMac fotographéieren.--Cacahuete 01:32, 13 Abrëll 2006 (UTC)

appleric.tk änneren

Also, dat matt der HP meisst klappen. ech hunn et lo selwer gekcukt, an de Link op meng seit klappt awer. Et ass just dat bei .tk seiten entweder 2 Pop-up fenster opginn oder et schwarz bleiwt an dann e link do steht wou ee weider kennt an eng reklam. (dat ass wann een d'Popup blockt.) Meisst meng Seit mol aktualiseieren, d'fotoen senn nach vun der Fuesend. ;)

Salut. Entschëlleg dat mam Buergermeeschter. Do hat ech mech vertriwwelt. Mat de Fotoe vun de Macen gi mer eis schonns eens. Du kanns jo mol eng vun dengem maachen, a fir déi aner fanne mer der bestëmmt op enger anerer Wikipedia. Wann nach eppes ass, da fro roueg. Dat met der Websäit kann natierlech u mengem Popup-blocker hänken. Flott datt emol ee sech hei ëm Apple-Maschinne këmmert! --Cornischong 22:31, 12 Abrëll 2006 (UTC)

Also, matt de Fotoen ass lo kee Problem. Wei gesot, maachen ech eng Foto vu mengem Computer an an der Schoul hu mer och nach dei nei iMAcs, sou datt ech der da schon vun deenen 2 hun. Da fehlt nach een, mee do dierft kee problem senn. Dat mam Buergermeeschter, ech hat keng ahnung wou een dat ännere kinnt, doweinst hunn ech dat mol stoe geloss. Mee et ass wouer, dat mer een neien hun, an ech hätt et och gär emgeännert, mee bon, wei gesot, ech wosst net wou. Mee Esch-Sauer betreffend wärt ech secher nach puer Informatiounen derbei schreiwen. An do hunn ech och kee problem matt de Fotoen. E puer meter getreppelt a schon hunn ech rem eng. :)