--βρισεισDisk 08:59, 26 Mäerz 2007 (UTC)

Informatiounen zum Bild änneren

Moien, kuck emol w.e.gl. de Fichier:Tony Noesen2.jpg no, do feele wichteg Informatiounen. Merci am viraus. --Zinneke 10:13, 30. Jan. 2012 (UTC)Äntweren

Wou änneren ech daat? (vum aalech)

Moien
Einfach op d'Säit vum Fichier (Link uewendriwwer) goen, do op "Änneren" klicken, an an d'Textfeld folgendes schreiwen:

  • Beschreiwung: Den Tony Noesen 1932.
  • Auteur: [Fotograf]
  • Source: [Buch, Zeitung, wou et hier ass, wa bekannt, mam Erscheinungsdatum]
  • Erlabnes: (Falls an der Quell eppes doriwwer steet)
  • Begrënnung fir fair use:
    • Et ass net méiglech, en Ersatz vum Bild ënner fräier Lizenz ze fannen, well de Sujet gestuerwen ass;
    • D'Reproductioun op der Wikipedia déngt dem enzyklopesche But, en Artikel zu där Persoun ze illustréieren;
    • D'Bild ass an niddereger Opléisung; dëst beanträgtet net deeen, deen de Copyright huet, fir säi geeschtegt Eegentum (d'Originalopnam vum Bild) z'expolitéieren.

--Zinneke 11:24, 31. Jan. 2012 (UTC)Äntweren

Source vum Text änneren

Moien Aalech,

nach eng Copyrights-Geschicht: Den Text, deens de an den Artikel Tony Noesen bäigesat hues, ass wuertwiertlech vun hei kopéiert. Kinns Du confirméieren (wat gutt méiglech ass) datt den Auteur vun dem Text mam Aalech identesch ass (an s De deemno däin eegenen Text hei ënner fräier Lizenz publizéiers)? Wier dat net de Fall, misst den Text resuméiert an ëmgeschriwwe ginn (zum Deel gouf dat scho gemaach), an d'Source als sollech erkennbar gemaach ginn. Merci am viraus! --Zinneke 11:10, 31. Jan. 2012 (UTC)Äntweren