Benotzer:Grima04/Verzögerte Schlofphasesyndrom

De verzögerte Schlofphasesyndrom (op Englesch: Delayed Sleep Phase Syndrome, Delayed Sleep Phase Disorder oder Delayed Sleep-Wake Phase Disorder; kuerz DSPS bzw. DSPD oder DSWPD) ass eng chronesch souwéi neurologesch Schlofstéierung an der Famill vun den zirkadiane Rhythmusstéierungen, déi oft genetesch bedéngt ass. Ëmgangssproochlech gëtt oft och nach vu “Nuetseil”, “Nuetsmënsch”, “sozialem Jetlag” oder “Schlofmutz” geschwat.[1][2][3][4][5][6]

Duerch dëse Syndrom ass den zirkadiane Rhythmus (ënnerlech Auer bzw. Biorhythmus) vum Betraffene ëm eng Rëtsch Stonnen no hanne verlagert, wouduerch sech eng spéider Opstoenszäit souwéi Zubettgoenzäit ergëtt. E beispillhaften Dagesverlaf fir DSPS wier eng Opstozäit vun 11:00 Auer an eng Schlofenszäit vun 3:00 Auer, et sinn awer och aner Extremer wéi beispillsweis eng Schlofperiod vun 8:00 Auer bis 16:00 Auer méiglech. Des Weidere kënnen och nach aner zäitofhängeg Systemer am Kierper betraff sinn, wéi beispillsweis den Dagesverlaf vun der Kierpertemperatur oder de Verdauungssystem.[2][7]

Verglach vun engem normalen zirkadiane Rhythmus (gréng) mat enger Schlofphas vun 22:00 bis 6:00 an engem DSPS-typeschen zirkadiane Rhythmus (blo) mat enger Schlofphas vun 3:00 bis 11:00.

Symptomatik änneren

Bei de betraffene Persounen ass DSPS virun allem duerch eng Onfäegkeet rechtzäiteg anzeschlofen gekennzeechent, souguer wa Middegkeet virläit. Gläichermoosse fält et dem Betraffene schwéier, rechtzäiteg opzestoen a generell ass et bei DSPS och net méiglech, sech ouni Weideres un e fréie Rhythmus unzepassen.[2][8]
Doduerch kënnt et op laang Zäit gekuckt zu chroneschem Schlofdefizit, well et der Persoun mat DSPS net méiglech ass, rechtzäiteg zubett ze goen, mee gläichzäiteg awer duerch gesellschaftlech Verpflichtunge gezwongen ass, fréi opzestoen. Dëse doduerch entstoende Schlofmangel wierkt sech deementspriechend negativ op d’Wuelbefannen als och op d’Leeschtungsfäegkeet vun der betraffener Persoun aus a kann op laang Dauer gravéierend gesondheetlech Konsequenze mat sech zéien.[9][10]
Soulaang et dem Betraffenen awer erméiglecht gëtt, no sengem Biorhythmus ze schlofen, fënnt och en erhuelsame Schlof statt an et tauche fir gewéinlech och keng aner Niewewierkungen op. Heiduerch dierf DSPS kengesfalls mat Insomnie verwiesselt ginn, wou eng generell Schlofbeanträchtegung stattfënnt, onofhängeg vun der Auerzäit.[11]
A verschiddene Fäll ass et dem Betraffene méiglech, heiansdo trotzdeem fréi anzeschlofen, allerdéngs ass dann oft d’Schlofqualitéit schlecht (e fillt sech moies wéi geriedert) oder de Kierper mëssversteet et als Mëttesrascht an erwächt no enger kuerzer Zäit erëm (an engleschsproochege Kreesser oft “nap trap”, d.h. “Rascht Fal” genannt).[12][7]

Wichteg unzemierken ass, datt DSPS keng fräiwëlleg oder bewosst Entscheedung ass. Anescht wéi bei typeschen Nuetseilen, déi et bevirzéie spéit schlofen ze goen, ass bei DSPS e verspéit Zubettgoen an Opstoe fir de gesonde Fonctionnement vum Kierper zwéngend noutwenneg an Zuwidderhandlunge wierken sech direkt negativ op de Betraffenen aus. Dës Onflexibilitéit vum Biorhythmus ass deelweis och duerch den oft geneteschen Ursprong vun DSPS ze erklären.[2]

Eng heefeg Begleeterscheinung vun DSPS ass eng sougenannten “Schlafträgheit (Schlaftrunkenheit)” nom Opstoen (op Englesch: sleep inertia), déi deelweis iwwert zwou Stonne kann unhalen an déi betraffe Persoun kognitiv staark aschränkt, d.h. geeschteg Funktiounen si nëmme bedéngt funktiounsfäeg. Sou kann et zum Beispill sinn, datt e Mënsch mat DSPS nom Opstoen eng Zäit laang kaum oder lues op Reizer reagéiert, net richteg uspriechbar ass oder motoresch Problemer opweist.[13][12][7]

DSPS gëtt zudeem als heefeg Comorbiditéit (Begleeterkrankung) bei neurodivergente Stéierunge wéi beispillsweis Autismus oder ADHS vermutt, wouduerch et empfeelenswäert ass, sech bei virleiender Neurodivergenz a Problemer mat engem fréie Schlofrhythmus och op DSPS ënnersichen ze loossen.[12][7]

Allgemeng trëtt DSPS an der fréier Kandheet oder wärend der Pubertéit op, kann awer prinzipiell an allen Alterskategorien optauchen. DSPS bleift awer fir gewéinlech nom Ausbroch e Liewe laang erhalen, ausser et handelt sech em déi temporär Variant, déi duerch Hormonschwankungen an der Pubertéit ausgeléist gëtt.[2]

Verbreedung an der Gesellschaft änneren

Am Bezuch zu Statistiken iwwert d’Heefegkeet ass nach net all ze vill bekannt an d’Zuele ginn deelweis staark auserneen, trotzdeem kann awer festgehale ginn, datt ronn 1 vu 500 an eiser westlecher Gesellschaft betraff sinn. Op Lëtzebuerg héichgerechent géif sech also bei ronn 660.000 Awunner (Stand 2023) eng Zuel vun 1320 Leit erginn.[2][14]

Heizou ass nach unzemierken, datt bei Jugendlechen oft eng temporär Variant vun DSPS virkënnt, déi mat den hormonelle Verännerungen an der Pubertéit anhiergeet, a sech am fréien Erwuessenenalter fir gewéinlech erëm leet. Heiduerch sinn am Jugendalter bis zu 10% oder 1 vun 10 temporär betraff.[2]

Therapieformen a Risiken änneren

D’Therapieforme fir DSPS si villfälteg a kënnen a verschidde Kategorien ënnerdeelt ginn, op déi mir méi genau wäerten agoen. Dozou zielen d’Liichttherapie, d’Chronotherapie an d’Melatonintherapie, déi als Zil hunn, de Betraffenen am Rhythmus virzeverleeën, soudatt en Alldag am Eeklang mat der Gesellschaft ze meeschteren ass (d.h. en integrativen Usaz). Leschteres gëtt et dann och nach den Usaz vun der Upassung vum Ëmfeld op d’betraffe Persoun (d.h. en inklusiven Usaz), wouduerch een am Eeklang mam natierleche Biorhythmus liewe kann. Dëst ass fir de Kierper méi gesond, féiert awer dozou, datt een méi oder wéineger parallel zur Gesellschaft koexistéiert.

Liichttherapie änneren

Bei der Liichttherapie gëtt mam Prinzip ugesat, datt staark Liichtexpositioun, besonnesch mat kuerzwelleger bloer Luucht, de Biorhythmus nohalteg beaflosse kann.
Heibäi gëtt eng speziell Therapieluucht gebraucht, fir gewéinlech op LED Basis, déi op dem Niveau vun den Ae wéinstens eng Liichtstäerkt vun 10.000 lux (Lumen pro Quadratmeter) erreecht an zudeem en héische Bloundeel am Spektrum virweist.[15][16]
Wärend der Therapie muss de Patient méiglechst direkt nom Opstoe säi Gesiicht an domadder seng Aen der Therapieluucht aussetzen (ouni awer direkt dranzekucken), woubäi eng Therapiedauer vun 30 bis 120 Minutten deeglech üblech ass. Mat der Zäit gëtt esou de Biorhythmus Schrëtt fir Schrëtt iwwerschriwwen an dem Patient sollt et no an no geléngen, éischter opzestoen an och éischter zubett ze goen, ouni Middegkeet moies opzeweisen. Oft gëtt dës Therapie nach duerch de Verzicht op Konsum vun digitale Medie wärend dem spéideren Owend, duerch d’Droe vu Brëller mat Blofilter a Beliichtunge mat niddreger Faarftemperatur (3000K oder drënner) a soumat niddregem Bloundeel no Sonnenënnergang ergänzt.[17]
Dës Therapieform weist meeschtens keng direkt negativ Konsequenzen op, et kann awer duerch déi staark Liichtexpositioun besonnesch bei méi liichtempfindleche Persounen zu Kapp-, Aenwéi oder Schwindel kommen.[18][17]
Laangzäitniewewierkunge si nach net ganz erfuerscht, et besteet awer den net ze vernoléissegende Risiko vun enger Makuladegeneratioun oder Kataraktbildung. Dës kënnen opgrond vun oxzidativem Stress am Aen duerch fräi Sauerstoffradikaler ausgeléist ginn, déi duerch den héich doséierte Bloundeel vun der Therapieluucht entstinn.[19][17]

Chronotherapie änneren

Bei der Chronotherapie, bzw. der Phasenverspéidungschronotherapie (op Englesch: phase delay chronotherapy) gëtt probéiert, am Patient mathëllef vun enger lueser awer konstanter Verzögerung dem DSPS entgéintzewierken. Heibäi steet de Betraffenen all Dag eng Rëtsch Minutte spéider op a geet spéider an d’Bett, bis datt bal e ganze 24 Stonnenzyklus duerchlaf ass, an de Patient bei der gewënschter Opstoenszäit ukomm ass.
Dës Therapieform ass fir de Patient allgemeng liicht ëmzesetzen, well et generell dem Betraffene vill méi liicht fält, de Rhythmus no a no ze verzögeren ewéi virzeverleeën.[18][17]
Onglécklecherweis ass dës Therapieform awer a puncto Sécherheet net waasserdicht. Et besteet nämlech de grousse Risiko, datt et dem Patient duerno net méi geléngt, de Roulement vum Biorhythmus ze stoppen a soumadd verfält de Betraffenen an en Dauerzoustand, wou de Biorhythmus méi laang wéi 24 Stonnen ass. Dëse Syndrom gëtt och als Net-24-Stonne Schlof-Waach-Rhythmus bezeechent, kuerz N-24 (op Englesch: Non-24-Hour Sleep-Wake-Disorder) a féiert dozou, datt et der Persoun net méi méiglech ass, e 24 Stonnen Zyklus bäizebehalen. Doduerch gëtt de ganzen Alldag op d’Kopp gehäit an e reguläert Schaffegoe gëtt schwiereg bis onméiglech.[20][12][17]
Duerch dësen Ëmstand ass dringend vun der Chronotherapie ofzeroden.

Melatonintherapie änneren

Bei der Melatonintherapie gëtt versicht, duerch d’Huele vu Melatonin, engem kierpereegene Schlofhormon, dem Schlof éischter op d’Spréng ze hëllefen.
D’Melatonindosis gëtt heibäi haaptsächlech a Pëlleform e puer Stonne virum Schlofegoen zou sech geholl a soll domadder e verfréite Schlofstimulus a soumadd Aschlofen erméiglechen.[21]
Iwwert déi präzis Dosis kann ee pauschal keng genau Aussoen treffen, mee et muss jidderee déi effektiivsten Dosis an Ofsprooch mam behandelden Dokter selwer ermëttelen, woubäi sech d’Dose generell am eestellege Milligrammberäich beweegen. Et ginn awer och Studien, déi noleeën, datt d’sougenannte Mikrodoséierung vu Melatonin (Dosen am Zéngtel Milligrammberäich) méi effektiv kéint sinn, fir DSPS entgéintzewierken.[18][17]
Allgemeng besteet bei dëser Therapie kaum e Risiko, et kann awer bei verschiddene Persounen eng Melatoninonverdréiglechkeet virleien oder et kann zu erhéichter Middegkeet am Moie, Kappwéi, Schwindel souwéi zu wëllen Dreem kommen, wouduerch Melatonin just no Ofsprooch mat engem Dokter geholl soll ginn a bei Onverdréiglechkeet och direkt erëm ofgesat soll ginn.[17][21]

Therapie vun der Akzeptanz änneren

Zu gudder lescht gëtt et och den Usaz, mam anstatt géint den eegene Kierper ze schaffen, spréch ze akzeptéieren, datt een duerch genetesch Verulagungen en zäitversate Biorhythmus huet a versicht, esougudd et geet am Eeklang domat ze liewen.
Am Beruffsliewe kann een esou eppes beispillsweis duerch eng fest Astellung an enger Spéit- oder Nuetsschicht erreechen, falls een an engem Schichtbetriib schafft. Alternativ bitt sech och d’Siche no Aarbechtsplazen un, déi per Definitioun just owes oder nuets ausgeüübt ginn. Bei engem méi mëlle Fall vun DSPS kéint och eventuell op enger regulärer Aarbechtsplaz e sougenannten “horaire mobile” ugefrot ginn.[22]
Dësen Usaz ass als deen eenzegen Nohaltegen a soumadd op laang Zäit gekuckt Effektiivsten ze gesinn, well heibäi probéiert gëtt mam an net géint de Biorhythmus ze schaffen. Dëst gestalt sech fir de Betraffenen am reiwungsloosten an et sinn och keng Niewewierkungen oder Ofhängegkeeten duerch Medikamenter ze befierchten. Zudeem ass duerch eng Rëtsch wëssenschaftlech Studie bewisen, datt bei villen DSPS Patienten d’Therapien entweder kaum bis guer net uschloen oder de Patient no kuerzfristegem Erfolleg erëm réckfälleg gëtt. Doduerch ass als Laangzäitléisung oft dës inklusiv Approche noutwenneg, déi dorop hinausleeft mat an net géint d’Krankheet ze liewen.[8][23][24][25]

Diagnosmethoden änneren

DSPS kann op verschidden Aart a Weisen diagnostizéiert ginn, üblecherweis via d’Symptomatik an heiansdo och am Schloflabo. A bestëmmte Fäll kéint och e Gentest a Fro kommen.

Diagnos iwwert d'Symptomatik änneren

Déi einfachst Method besteet doranner, datt de Patient e Schloftagebuch uleet, wou en iwwert e puer Wochen notéiert, wat seng Schlofenszäiten an Opstozäite sinn a wéi en sech duerno moies, respektiv am Rescht vum Dag jeeweils fillt. Am beschte gëtt heibäi zweemol Tagebuch gefouert, nämlech eng Kéier wärend der Vakanz, wou den eegene Biorhythmus ouni Hemmunge kann ausgelieft ginn an eng zweete Kéier wärend gesellschaftleche Verpflichtungen, z.B. Aarbecht oder Schoul. Unhand vun dësem Tagebuch, kombinéiert mat Aussoen oder Erklärunge vum Patient kann en Dokter vum Fach, meeschtens en Neurolog oder Schlofspezialist mat Spezialisatioun op zirkadian Rhythmusstéierungen, eng Diagnos stellen.[18][4][26]

Diagnos am Schloflabo änneren

Eng aner Method besteet doranner, méi komplex Analysen duerchzeféieren, wéi beispillsweis e Monitoring an engem Schloflabo. Heibäi ass et empfeelenswäert, nieft de Gehierstréim nach bestëmmte Parameter am Aen ze behalen, wéi den deegleche Verlaf vun der Kierperkärtemperatur an den Ausschëddungszäitpunkt vu Melatonin, well dës oft bei DSPS zäitversat bzw. verspéit sinn a soumat e gudden Indikator duerstellen.[26][24] Dës Method ass leider oft mat Problemer verbonnen, well d’Laboe meeschtens net equipéiert sinn, fir déi virdru genannte Parameter ze iwwerwaachen. Zudeem passt oft den Analysezäitraum net zesummen, well am Schloflabo oft nëmmen e Monitoring vun owes (z.B. 23:00 Auer) bis moies fréi (z.B. 7:00 Auer) stattfënnt[27], fir DSPS awer bis zum spéide Moien oder souguer Nomëtte misst gemooss ginn (z.B. vun 3:00 Auer bis 11:00 Auer).

Diagnos mëttels Gentest änneren

Zu gudder Lescht ass et och méiglech, e Gentest zur Diagnos erunzezéien. De Virdeel um Gentest ass, datt een domat e konkrete Beweis fir d'Virleie vun der Krankheet huet, wärend bei enger Diagnos, déi op Symptomen baséiert, ëmmer e ganz klengen Zweifel bestoe bleift. Onglécklecherweis stécht d’genetesch Ursaachefuerschung am Bezuch zu DSPS nach an de Kannerschung, wouduerch e Gentest vermuttlech net bei all Betraffenen erfollegräich wäert sinn. Ëmmerhin ass awer scho bekannt, datt eng Mutatioun am CRY-1-Gen an/oder am PER-3-Gen fir DSPS matverantwortlech ass, wouduerch en Test op dës Mutatiounen a Fro kéint kommen.[5][3][6] Schlussendlech ass de Gentest zur Zäit nach éischter als Ergänzung zu enger scho bestoender Diagnos ze betruechten, woubäi awer d'Zouverlässegkeet mat méi déifgrënneger Fuerschung an Zukunft klammen dierft.

Weider Umierkungen änneren

Nennenswäert ass, datt DSPS am medezinesche Beräich leider nach e relativ onbekannte Syndrom ass, wouduerch et oft zu Mëssverständnisser, Onglawen säitens dem Fachpersonal oder Feeldiagnose komme kann.[7] Duerch den Ëmstand, datt eng Diagnose bzw. en Attest fir Inklusiounsusprëch noutwenneg ass, empfielt et sech dohier als éischt ze iwwerpréifen, ob sech den opgesichten Dokter mat sougenannten zirkadiane Rhythmusstéierungen an DSPS auskennt. Zudeem ass et wichteg, datt am Attest bei positivem Befund den natierleche Biorhythmus vum Betraffenen kloer genannt gëtt, an och festgehale gëtt, datt de Betraffenen op en "horaire aménagé" ugewisen ass, fir normal ze funktionéieren a gesond ze liewen.

Inklusioun, rechtlech Lag a Gedankenusätz änneren

Wat d’Inklusioun souwéi d’rechtlech Lag zu Lëtzebuerg ugeet, ass leider net kloer definéiert, wéi eng Ënnerstëtzung engem bei DSPS zousteet. Trotz dësem Ëmstand, sinn awer am Gesetz bestëmmte Saachen zum Thema Inklusioun festgehalen, op déi een am Bezuch zu DSPS gewësse Schlussfollgerungen zéie kann. Et soll een awer am Hannerkapp behalen, datt rechtlech gesi villes onspezifesch formuléiert ass, wouduerch sech e gréisseren Interpretatiounsspillraum ergëtt. Am Fall vun enger Diskriminéierung opgrond vun DSPS empfielt et sech dohier, sech professionelle Bäistand ze sichen.

DSPS fält rechtlech gesinn trotz dem relativ seltenen Opkommen net ënnert déi sougenannte selte Krankheeten, well vun der Europäescher Unioun virausgesat gëtt, datt maximal 1 vun 2000 Leit betraff sinn, wat awer duerch den Undeel vu ronn 1 vu 500 Leit bei DSPS net erfëllt gëtt. Soumadd besteet och rechtlech gesi keen Usproch op Ënnerstëtzung an der Rumm vu seltene Krankheeten.[28]

DSPS kann awer duerch den Ëmstand, datt een un der Deelnam un engem fir d’Gesellschaft normalen Alldag gehënnert gëtt, och als Behënnerung betruecht ginn. Zudeem ass DSPS och vun der WHO offiziell am ICD (International Classification of Diseases) opgelëscht, als Deel vun de Stéierunge vum Schlof-Waach-Rhythmus ënnert dem Code ICD-10 G47.2.[29] Soumat steet engem den Usproch op Inklusioun an den domat verbonnenen “aménagements raisonnables” zou.

Situatioun an der Grondschoul änneren

An der Grondschoul muss fir d'éischt "d'Commission d'Inclusion (CI)" kontaktéiert ginn, déi fir de jeeweilege Sektor am Land zoustänneg ass. D'CI ënnerläit heibäi der jeeweileger "Direction de l'enseignement fondamental (DR)", wouvunner et hei am Land 15 Stéck ginn. Déi jeeweileg DR sinn op dem "Portail de l'Enseignement Fondamental" mat Angaben zu de jeeweils enthalene Gemengen a Kontaktdaten ze fannen.

Nodeems iwwert d'DR Kontakt mat der CI opgeholl gouf, kéint en Inklusiounsprogramm ausgeaarbecht ginn, deen op d'Bedierfnisser vun DSPS ugepasst wier. Méi Detailer zur Prozedur a weider Kontaktdate sinn op "Guichet.lu" ze fannen.

Situatioun am Lycée änneren

Fir de Lycée sinn d’gesetzlech Grondlage fir Inklusioun, am Fachjargon “aménagements raisonnables” genannt, am Gesetz “Loi du 30 juin 2023 portant [...] modification [...] de la loi du 20 juillet 2018 portant création de Centres de compétences en psycho-pédagogie spécialisée en faveur de l’inclusion scolaire” am Kapitel 8bis “Chapitre 8bis - La Commission des aménagements raisonnables” festgehalen.[30] Virun der Erstellung vun dësem Gesetz ware follgend Moossnamen am elo ofgeschaafte Gesetz "Loi du 15 juillet 2011 visant l’accès aux qualifications scolaires et professionnelles des élèves à besoins éducatifs particuliers" festgehalen, wat vu verschiddenen Associatiounen nach fälschlecherweis zitéiert gëtt.

Vun Interessi sinn hei virun allem den Artikel 55-3, Paragraph 4, 5 a 7:

La CAR est saisie de toute demande en vue de l’obtention, la modification ou la suspension des aménagements raisonnables suivants :

[...]

4° la délocalisation des épreuves hors du lycée, à domicile ou dans une institution ;

5° le recours à des aides technologiques et à des aides humaines ;

[...]

7° la dispense d’épreuves orales, pratiques, physiques ou d’un module ;

[...]

Aus dësem Gesetzestext kann ee schlussfollgeren, datt bei Bedarf op technesch a mënschlech Hëllefsmëttel kann zeréckgegraff ginn, fir ee mat enger Krankheet bzw. Behënnerung a soumat och DSPS ze ënnerstëtzen.
Gedankenusätz wieren zum Beispill eng Opzeechnung vun de Kueren (technescht Hëllefsmëttel), eng Matschrëft duerch e Matschüler oder der Léierkraaft (mënschlecht Hëllefsmëttel) oder eng Betreiung doheem (mënschlecht Hëllefsmëttel), kombinéiert mat enger Dispens vun der Präsenzpflicht an de Stonnen, wou een opgrond vun DSPS behënnert ass.
Zudeem gëtt och erwäänt, datt Examen ausserhalb vum Lycée stattfanne kënnen, wat beispillsweis noutwenneg wier, wann een opgrond vun DSPS un der Deelnam vun engem Exame verhënnert wier. Eng Verrécklung vum Examen an de Nomëtte wier awer och denkbar.
Schlussendlech gëtt och nach eng méiglech Dispens vun engem Modul oder mëndlech, praktesch souwéi physesch stattfannend Exame genannt. Dëst kéint zum Beispill noutwenneg sinn, wann de Schüler mat DSPS duerch eng ze fréi Auerzäit net un engem Modul deelhuele kann, z.B. eng Sportstonn moies fréi oder en TP (travail pratique) am Moien.
Dës sinn awer nëmme Virschléi an där Ëmsetzung muss vu Fall zu Fall mam CAR analyséiert ginn.

Situatioun op der Universitéit änneren

Fir d’Universitéit Lëtzebuerg sinn d’rechtlech Grondlagen am Gesetz “Loi du 27 juin 2018 ayant pour objet l’organisation de l’Université du Luxembourg” am Artikel 39 “Art. 39. Aménagements raisonnables” festgehaalen.[31]

Heibäi si virun allem de Paragraph 6 an 13 vu gréisserer Bedeitung:

Art. 39. Aménagements raisonnables

La commission des aménagements raisonnables peut arrêter, adapter ou suspendre les aménagements raisonnables suivants :

[...]

6° le recours à des aides technologiques et à des aides humaines, permettant de compenser les déficiences particulières ;

[...]

13° la réalisation de l’apprentissage de certains éléments ou de tous les éléments d’un programme d’études hors de l’Université.

[...]

Aus dësem Gesetzesextrait kann ee schlussfolgeren, datt bei Bedaarf op technesch an mënschlech Hëllefsmëttel ka zeréckgefraff ginn, fir een mat enger Krankheet an soumadd och DSPS ze ënnerstëtzen. Des Weideren ass och explizit erwänt, datt en Deel oder de ganze Programm ausserhalb vun der Universitéit stattfanne kann.

Als Gedankenusätz wier beispillsweis eng Hybrid-Cours Léisung denkbar (Programm ausserhalb vun der Uni), wou den Deel vun de Virliesungen, deen zäitlech mat DSPS net vereenbar ass, beispillsweis via Opzeechnunge vun Doheem kéint gehéiert ginn (technescht Hëllefsmëttel). Zudeem wier och eng Matschrëft duerch e Matstudent oder Professer (mënschlecht Hëllefsmëttel) denkbar, kombinéiert mat enger Dispens vun der Präsenzpflicht an de Stonnen, wou ee behënnert ass. Dës sinn awer nëmme Virschléi an där Ëmsetzung muss vu Fall zu Fall mam CAR analyséiert ginn.

Situatioun um Aarbechtsmaart änneren

Am Beruffsliewe ass d’Laag leider net genau geklärt, well et do vill ze vill Variable ginn. E Betriib deen beispillsweis nëmme bis 17:00 Auer operéiert, wärt Schwieregkeeten hunn, engem Mataarbechter eng Spéit- oder Nuetsschicht unzebidden. An dësem Fall kann dann meeschtens just iwwert en Kompromëss an de Gleetzäiten (horaire mobile) e Mëttelwee fonnt ginn oder et muss noutfalls op eng Deelzäitastellung zeréckgegraff ginn.

Trotzdeem sollte sech awer Méiglechkeeten erginn, fir an engem Schichtbetriib eng fest Astellung an der Spéit- oder Nuetsschicht auszemaachen, dat op Basis vum Attest vum Dokter.

En anere Wee géif nach d’Beundroen vum “statut du salarié handicapé” bei der ADEM duerstellen[32], fir gewëssen inklusiv Moossname garantéiert ze kréien, et ass awer heibäi net kloer, ob DSPS d’Konditioune fir dëse Statut erfëllt.

Allgemeng Rotschléi änneren

Insgesamt empfielt et sech, am Fall vu Schwieregkeete mee och schonns virdrun als Prophylax, egal ob schoulesch oder berufflech, Kontakt mat Veräiner oder Stëftungen opzehuelen, déi sech fir Inklusioun an d’Rechter vu Behënnerten asetzen. Zu Lëtzebuerg kéimen dofir den “Centre pour l’égalité de traitement - CET”, “Zesummen fir Inklusioun a.s.b.l.” an “Nëmme Mat Eis! a.s.b.l.” a Fro. Zudeem empfielt et sech bei Problemer op der Aarbecht Kontakt mat enger Gewerkschaft opzehuelen, méi spezifesch mam Behënnertebeoptragten an der Gewerkschaft. Schlussendlech kann een sech, den Aarbechtsmaart betreffend, och un d'ADEM wenden, fir méi iwwert den "statut du salarié handicapé" gewuer ze ginn.

Um Spaweck änneren

ZEFI - Zesumme fir Inklusioun a.s.b.l.

CET - Centre pour l'égalité de traitement

Nëmme Mat Eis! a.s.b.l.

Departement fir behënnert Salariéë vun der OGBL

Departement fir d'Ënnerstëtzung am Aarbechtsalldag vun der LCGB

Dr. Klaus Wirtz (Neurolog a Schlofmedezinner mat Fachwëssen iwwert zirkadian Rhythmusstéierunge zu Lëtzebuerg)

Schloflabo am CHL

Schloflabo an der ZithaKlinik

UN Behënnerterechtskonventioun

Circadian Sleep Disorders Network (Eng international ONG fir Leit mat zirkadiane Rhythmusstéierunge mat Sëtz an den USA)

International DSPS Hëllefsgrupp op Facebook

Literatur änneren

  1. (en)Delayed sleep phase - Symptoms and causes. Mayo Clinic. Gekuckt de(n) 2024-02-26.
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 2,5 2,6 Definitions - Circadian Sleep Disorders Network. www.circadiansleepdisorders.org. Gekuckt de(n) 2024-02-26.
  3. 3,0 3,1 (de)Gen des Monats April: CRY1. Universitätsmedizin Göttingen - Institut für Humangenetik. Gekuckt de(n) 27. Februar 2024.
  4. 4,0 4,1 (en)Delayed Sleep Phase Syndrome (DSPS). stanfordhealthcare.org. Gekuckt de(n) 2024-02-26.
  5. 5,0 5,1 Alina Patke, Patricia J. Murphy, Onur Emre Onat, Ana C. Krieger, Tayfun Özçelik, Scott S. Campbell, Michael W. Young, Mutation of the Human Circadian Clock Gene CRY1 in Familial Delayed Sleep Phase Disorder. Cell 203–215.e13 (2017-04-06). Gekuckt de(n) 2024-02-29.
  6. 6,0 6,1 (en)Takashi Ebisawa, Makoto Uchiyama, Naofumi Kajimura, Kazuo Mishima, Yuichi Kamei, Masaaki Katoh, Tsuyoshi Watanabe, Masanori Sekimoto, Kayo Shibui, Keiko Kim, Yoshinao Kudo, Yuji Ozeki, Mariko Sugishita, Ryoichi Toyoshima, Yuichi Inoue, Naoto Yamada, Takahiro Nagase, Norio Ozaki, Osamu Ohara, Norio Ishida, Masako Okawa, Kiyohisa Takahashi, Toshio Yamauchi, Association of structural polymorphisms in the human period3 gene with delayed sleep phase syndrome. EMBO reports 342–346 (2001-04). Gekuckt de(n) 2024-03-27.
  7. 7,0 7,1 7,2 7,3 7,4 (en)DSPS (Delayed-Sleep-Phase-Syndrome). www.facebook.com. Gekuckt de(n) 2024-02-27.
  8. 8,0 8,1 Gorica Micic, Nicole Lovato, Michael Gradisar, Sally A. Ferguson, Helen J. Burgess, Leon C. Lack, The etiology of delayed sleep phase disorder. Sleep Medicine Reviews 29–38 (2016-06). Gekuckt de(n) 2024-02-26.
  9. (en)Harvey R. Colten, Bruce M. Altevogt, Institute of Medicine (US) Committee on Sleep Medicine and Research, Extent and Health Consequences of Chronic Sleep Loss and Sleep Disorders. National Academies Press (US) (2006). Gekuckt de(n) 2024-03-26.
  10. (en)Sleep Deprivation and Deficiency - What Are Sleep Deprivation and Deficiency? | NHLBI, NIH. www.nhlbi.nih.gov (2022-03-24). Gekuckt de(n) 2024-03-26.
  11. (en)Insomnia - Symptoms and causes. Mayo Clinic. Gekuckt de(n) 2024-03-26.
  12. 12,0 12,1 12,2 12,3 Sleep Misfits: The reality of Delayed Sleep Phase Syndrome & Non-24 (Autor: Sally Cat, ISBN: 979-8804731046)
  13. (en)Module 7. Napping, an Important Fatigue Countermeasure, Sleep Inertia | NIOSH | CDC. www.cdc.gov (2020-04-02). Gekuckt de(n) 2024-02-27.
  14. (en)Harald Schrader, Gunnar Bovim, Trond Sand, The prevalence of delayed and advanced sleep phase syndromes. Journal of Sleep Research 51–55 (1993-03). Gekuckt de(n) 2024-02-27.
  15. (de)Beurer GmbH, TL 45 Perfect Day - Tageslichtlampe | beurer. www.beurer.com. Gekuckt de(n) 2024-02-27.
  16. (en)Seasonal affective disorder treatment: Choosing a light box. Mayo Clinic. Gekuckt de(n) 2024-02-27.
  17. 17,0 17,1 17,2 17,3 17,4 17,5 17,6 Treatments - Circadian Sleep Disorders Network. www.circadiansleepdisorders.org. Gekuckt de(n) 2024-02-27.
  18. 18,0 18,1 18,2 18,3 (en)Delayed sleep phase - Diagnosis and treatment - Mayo Clinic. www.mayoclinic.org. Gekuckt de(n) 2024-02-26.
  19. Research progress about the effect and prevention of blue light on eyes. PubMed. Gekuckt de(n) 27. Februar 2024.
  20. D. A. Oren, T. A. Wehr, Hypernyctohemeral syndrome after chronotherapy for delayed sleep phase syndrome. The New England Journal of Medicine 1762 (1992-12-10). Gekuckt de(n) 2024-02-26.
  21. 21,0 21,1 (en)Melatonin. Mayo Clinic. Gekuckt de(n) 2024-03-25.
  22. (fr)Organisation du temps de travail. guichet.public.lu (2020-10-28). Gekuckt de(n) 2024-03-25.
  23. Why Treatment May Not Work For You - Circadian Sleep Disorders Network. www.circadiansleepdisorders.org. Gekuckt de(n) 2024-02-27.
  24. 24,0 24,1 Peter Mansbach, James S. P. Fadden, Lynn McGovern, Registry and survey of circadian rhythm sleep-wake disorder patients. Sleep Medicine: X 100100 (2024-12-01). Gekuckt de(n) 2024-02-26.
  25. Y. Dagan, J. Abadi, Sleep-wake schedule disorder disability: a lifelong untreatable pathology of the circadian time structure. Chronobiology International 1019–1027 (2001-11). Gekuckt de(n) 2024-02-26.
  26. 26,0 26,1 DSPS F&A - Circadian Sleep Disorders Network. www.circadiansleepdisorders.org. Gekuckt de(n) 2024-02-27.
  27. Laboratoire de sommeil | CHL. www.chl.lu. Gekuckt de(n) 2024-02-27.
  28. (de)Was ist eine seltene Erkrankung? Hier finden Sie alles was Sie wissen müssen. ALAN. Gekuckt de(n) 2024-02-27.
  29. DIMDI - ICD-10-GM Version 2017. www.dimdi.de. Gekuckt de(n) 2024-02-27.
  30. Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2024-02-27.
  31. Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2024-02-27.
  32. (de)Die Anerkennung als behinderter Arbeitnehmer beantragen. adem.public.lu (2024-02-06). Gekuckt de(n) 2024-02-27.