D'Benoîte Groult, gebuer den 31. Januar 1920 zu Paräis, a gestuerwen den 20. Juni 2016 zu Hyères, war eng franséisch Journalistin, Feministin a Schrëftstellerin.

Benoîte Groult
Gebuertsnumm Benoîte Marie-Rose Nicole Groult
Gebuer 31. Januar 1920
8. Arrondissement
Gestuerwen 20. Juni 2016
Hyères
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Journalist, Schrëftsteller, Fraerechtler, Publizist
Famill
Bestuet mat Georges de Caunes

Si huet virun allem sozialpsychologesch an historesch fundéiert Essayen iwwer d'Geschicht vum Feminismus an d'Benodelegung vun de Frae geschriwwen. Bekannt gouf se och fir hire Roman Les vaisseaux du coeur (op Däitsch iwwersat ënner dem Titel Salz auf meiner Haut), deen 1988 wéinst sengen explizite Beschreiwunge vun enger stiermescher Relatioun tëscht enger Paräisser interlektueller Fra an engem Fëscher aus der Bretagne, e Skandal-Bestseller gouf. Aleng an Däitschland goufen iwwer 3 Milliounen Exemplairen dovu verkaaft.

Wierker änneren

  • La part des choses. Grasset, Paris 1972.
  • Ainsi soit-elle. Grasset, Paris 1975.
  • Le féminisme au masculin. 1977.
  • La moitié de la terre. 1981.
  • Les trois quarts du temps. 1983.
  • Les vaisseaux du cœur. 1988.
  • Pauline Roland ou Comment la liberté vint aux femmes. 1991.
  • Cette mâle assurance. 1993.
  • mat der Josyane Savigneau: Histoire d'une évasion. 1997.
  • La touche étoile. 2006.
  • Mon évasion. Grasset, Paris 2008.

zesumme mat der Flora Groult änneren

  • 1962: Journal à quatre mains. Denoel, Paris
  • 1965: Le Féminin pluriel. Denoel, Paris
  • 1968: Il était deux fois. Denoel, Paris

Literatur änneren

  • Dietrich Gronau: Benoite Groult. Die Autorin des Welterfolgs. Heyne, München 1994, ISBN 3-453-07909-4<.

Um Spaweck änneren

Commons: Benoîte Groult – Biller, Videoen oder Audiodateien