Benny Michaux

lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik

De Benny Michaux och nach Benn oder Bernard Michaux, gebuer de 7. September 1921 zu Diddeleng a gestuerwen de 15. August 1987 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.[1],[2]

Benny Michaux
Gebuer 7. September 1921
Diddeleng
Gestuerwen 15. August 1987
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Golkipp
Veräin/Ekipp Stade Dudelange,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp

Hie war 6-mol Lëtzebuerger Foussballmeeschter an 3-mol Gewënner vun der Coupe de Luxembourg mat der Stade Diddeleng, wou hien 23 Joer laang aktiv war.

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1948 zu London vertrueden.[3],[4]

Tëscht dem 13. Mee 1945 am 11. September 1957 huet de Benny Michaux 46-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[5]

Hie war am zweete Weltkrich Member an der Brigade Piron.[6]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. De Benny Michaux op der Websäit vu sports-reference.com
  2. Lëscht vun de Lëtzebuerger Foussballspiller op den Olympesche Summerspiller 1948 op der Websäit vun der FIFA
  3. De Benny Michaux op der Websäit vun der Association Luxembourgeoise des Olympiens
  4. Profil vum Bernard Michaux op der Websäit vun der FIFA
  5. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Benny Michaux op der Websäit vun European Football
  6. Les Luxembourgeois de la Brigade Piron