Benito Archundia
De Benito Armando Archundia Téllez, gebuer den 21. Mäerz 1966 zu Tlalnepantla a Mexiko, ass e mexikanesche Foussballsarbitter. Vu Beruff ass hien Affekot an Ekonomist.
Benito Archundia | |
---|---|
Gebuer | 21. Mäerz 1966 |
Nationalitéit | Mexiko |
Aktivitéit | Ekonomist, Foussballschiidsriichter, Affekot |
Hien ass zanter 1985 professionelle Schidsriichter an international ass hien zanter 1993 aktiv. Säin éischten internationalen Asaz war d'Spill USA géint Griicheland den 28. Mee 1994.
Asätz bei groussen Turnéieren
änneren- Bei der FIFA Club World Championship 2005 de Match FC São Paulo géint den FC Liverpool
- Bei der WM 2006 an Däitschland d'Matcher:
- Brasilie géint Kroatien,
- Frankräich géint Südkorea,
- Tschechie géint Italien,
- d'Aachtelsfinall Schwäiz géint Ukrain
- d'Halleffinall Däitschland géint Italien
Hien ass den éischte Schidsriichter, dee bei enger WM 5 Spiller gepaff huet.