Beatrix vun Avesnes
D'Beatrice oder Beatrix vun Avesnes, gestuerwen de 25. Februar 1321, war d'Duechter vum Baudouin vun Avesnes, Här vu Beaumont an der Félicité vu Coucy.
Beatrix vun Avesnes | |
---|---|
Gebuer |
1268 jul. Valenciennes |
Gestuerwen |
25. Februar 1321 jul. Klouschter vun den Dames de Beaumont |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Aristokrat, Nonn |
Famill | |
Bestuet mat | Heinrich VI. vu Lëtzebuerg |
Papp | Baudouin vun Avesnes |
Mamm | Félicité vu Coucy |
Kanner | Heinrich VII. vu Lëtzebuerg, Balduin vu Lëtzebuerg, Margréit vu Lëtzebuerg, Walram vu Lëtzebuerg |
Den 22. Mee 1265 huet si sech mam Grof Heinrich VI. vu Lëtzebuerg bestuet.
Zesumme krute si op d'mannst 5 Kanner, wourënner:
- Heinrich VII. (1264 - 1313) Grof vu Lëtzebuerg a Keeser vum Hellege Réimesche Räich.
- Walram († 1311) Här vun Dourlers, Thirimont a Consorre.
- Félicité († 1336) bestuet mam Jang-Tristan Grof vu Louvain.
- Baudouin (1285 - 1354) Äerzbëschof vun Tréier.
- Margret († 1336), Nonn, zu Lille a spéider am Mariendall.
Si war 1310 d'Stëfterin vum Klouschter Notre Dame vu Beaumont. 1313 ass si selwer do agetrueden a gouf och do de 25. Feburar 1321 begruewen.