Basilika vu Saint-Hubert

D'Basilika vu Saint-Hubert an der Belscher Provënz Lëtzebuerg ass déi fréier Abteikierch vun der Benediktinerabtei zu Saint-Hubert.

D'Basilika vu Saint-Hubert

Et ass eng Kräizbasilika mat 5 Schëffer, engem Chouergang, an 13 Kapellen.

Déi eelst Deeler vun der Kierch sinn aus dem 11. an 12. Joerhonnert. Dee gréisste bannenzegen Deel gouf tëscht 1525 a 1564 opgeriicht an d'Fassad mat enger Duerchschnëttshéicht vu 65 m gouf tëscht 1700 a 1702 sou opgeriicht wéi ee se nach haut ka gesinn. Aus där Zäit sinn och déi zwéin Tierm.

De Bas-relief tëscht den zwéin Tierm stellt d'Bekéierung vum hellegen Hubertus duer.

D'Statue vun den hellege Péiter a Paul, déi an Nische vun der Fassad stinn, si vum bekannte Lécker Sculpteur Jean Del Cour.

Um Spaweck änneren

Commons: Basilika vu Saint-Hubert – Biller, Videoen oder Audiodateien