Base sinn am engere Sënn all cheemesch Verbindungen, déi a wässreger Léisung an der Lag sinn, Hydroxid-Ionen (OH) ze bilden, also de pH-Wäert z'erhéijen. Hydroxid-Ione si cheemesch Verbindungen, déi Protone vun enger Saier ënner Formatioun vun engem Waassermoleküll iwwerhuele kënnen. Eng Base ass domat d'Géigestéck zu enger Saier a ka se sou neutraliséieren.

Am méi wäite Sënn ginn duerch verschidde Saier-Base-Konzepter eng wiesentlech méi breet Pallett vu cheemesche Reaktioune beschriwwen, déi wäit iwwer déi uewe beschriwwe Reaktiounen erausgoe kënnen. Besonnesch wichteg sinn d'Konzepter nom Lewis an nom Pearson, dee vun haarden a mëlle Saieren a Base schwätzt (HSAB-Konzept).

Saieren a Basen neutraliséiere sech géigesäiteg a gi Waasser a Salzer.

  • Beispill: Salzsaier + Natriumhydroxid gëtt Waasser an Natriumchlorid
HCl + NaOH -> H2O + NaCl.

Beispiller vu Basen:

Basen hunn e pH-Wäert tëscht 7 a 14, Saieren tëscht 0 a 7.

D'Stäerkt vu Base gëtt mam pKb-Wäert gemooss.

De Gebrauch vu Basen ass net ongeféierlech: Base kënnen organescht Material verätzen (Kleedung, Haut, Aen).

Aus Ueleg a Fetter entsti mat Base Seef a Glycerin.