Barrow (Moundkrater)

Moundkrater

De Barrow ass en Aschlagkrater um Äerdmound am Norde vun der äerdzougedréiter Säit vum Mound. Hie läit tëscht dem Krater Goldschmidt am Nordwesten an der grousser Kraterfläch vum Moundkrater Meton am Nordosten. Am Südweste läit de Krater W. Bond. De Krater ass staark erodéiert. De südwestlechen Deel vum Rampli gëtt vun deem jonke Krater Barrow A iwwerdeckt.

Barrow
Koordinaten 71°16'48"N, 7°35'24"O
Duerchmiesser 93,8 km
Déift 3.200 m
Genannt no Isaac Barrow
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ01

De Krater gouf 1935 vun der IAU nom englesche Geeschtlechen a Mathematiker Isaac Barrow genannt.

Barrow Breetegrad Längtegrad Duerchmiesser
A 70.5° N 3.8° O 28 km
B 70.1° N 10.5° O 16 km
C 73.1° N 11.1° O 29 km
E 68.9° N 3.3° O 18 km
F 69.1° N 1.8° O 19 km
G 70.1° N 0.2° O 30 km
H 69.2° N 6.0° O 5 km
K 69.2° N 11.8° O 46 km
M 67.6° N 9.2° O 6 km

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren