De Barrage vun Alvito och nach Barragem de Albergaria dos Fusos genannt ass e Staudamm a Portugal am Distrikt Beja an der Gemeng Cuba nieft den Uertschafte Vila Alva a Vila Ruiva. Den Damm gouf 1970 geplangt, an 1977 war de Bau fäerdeg. De Bauhär war d'Associação de Municípios de Cuba, Vidigueira e Alvito.

Vue op den Damm
Vue op de Séi mat de Waasserpompelen

De Stauséi gëtt vum Floss Ribeira de Odivelas gefiddert, den duerno eng 21 Km südwestlech dovun och de Stauséi vun Odivelas fëllt.

De Staudamm huet eng duebel Funktioun, an zwar Waasserreservoir fir d'Irrigatioun an Drénkwaasser. Fir d'Drenkwaasser gouf nieft dem Staudamm eng Waasseropbereedungsanlag ugeluecht.

An den Irrigatiounskanal kënne 46 m³/s oflafe gelooss ginn.

Technesch Donnéeë vum Damm

Héicht vum Fëllement (iwwer Mier) [1]: 048,5 m
Héicht vum natierlechen Terrain (iwwer Mier): 044 m
Héicht vum Barrage: 157,60 m
Héicht op der Kroun (iwwer Mier): 201,60 m
Längt vun der Kroun: 1.105 m
Breet vun der Kroun: 010 m
Bauvolumen: 2.285.000

De Stauséi huet eng Fläch vu 1.480 ha an e Waasservolume vun 132.500.000.000 m³, wouvun der 130.000.000 fir Drénkwaasser oder Irrigatioun kënne gebraucht ginn. Den héchste Waasserstand ass bei 198,85 Meter (iwwer Mier).

Referenzen änneren

  1. D'Héicht iwwer dem mëttlere Mieresspigel a Portugal huet als Ausgankspunkt de Peegel vu Cascais