De Barrage vu Cambeyrac ass de leschte vun de sechs Barragen um Laf vun der Truyère. E gouf tëscht 1954 an 1957 gebaut an iwwer d'Staumauer féiert d'Departementale D34E.

D'Staumauer an d'elektresch Zentral vu Cambeyrac

Mat enger Héicht vun 11 Meter ass et déi niddregst Staumauer um Laf vum Floss, awer déi mat dem gréissten Debit. Bei enger Nennleeschtung vu 36 Megawatt läit d'Joresproduktion vu Stroum bei 33,5 Gwh. De Séi erstreckt sech iwwer den Territoire vun de Gemengen Entraygues-sur-Truyère a Campouriez. En huet eng Fläch vun 2.740. ha. an eng maximal Déift vu 14 Meter.

An der Produktiounszentral vu Cambeyrac goufen d'Tester vun de Groupes à Bulbes gemaach, déi duerno am Gezäitekraaftwierk op der Rance bei Saint-Malo agesat goufen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren