Barbara Oakley

amerikanesch Professesch fir Ingenieurwëssenschaften a Fuerscherin, fréier Militäriwwersetzerin
Dëse Wëssenschaftsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Dr. Barbara Ann Oakley, mam Meederchernumm Grim, gebuer de 24. November 1955 zu Lodi am Bundesstaat Kalifornien, ass eng US-amerikanesch Professesch fir Ingenieurwëssenschaften op der Oakland University (Michigan). Si ass eng Fuerscherin an Autorin vu verschiddene Léiermethoden. Virun der Wëssenschaftsaktivitéit huet si bis dem Alter vu 26 Joer als Militäriwwersetzerin geschafft[1].

Barbara Oakley
Gebuer 24. November 1955
Lodi
Nationalitéit USA
Educatioun University of Washington,
Oakland University
Aktivitéit Iwwersetzer, Professer, Fuerscher

Zesumme mat dem Terrence Sejnowski an der Linda Walker ass d'Barbara Oakley eng Autorin vum Online-Cours Learning How To Learn: Powerful Mental Tools to Help You Master Tough Subjects, déi op Coursera disponsibel ass[2]. Et ass e Selbsttraining fir Verbesserung vun der Léierfäegkeet, an ass dee meescht beléiften Online-Cours op der Welt (Stand: 2014–17)[3],[4].

Wierker (Auswiel)

änneren

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. https://qz.com/275836/how-learning-russian-can-make-you-better-at-math/
  2. https://www.coursera.org/learn/learning-how-to-learn
  3. http://archive.li/Dt8S8
  4. Archive copy Archivéiert de(n) 08.08.2018. Gekuckt de(n) 19.08.2018.