Bacharuddin Jusuf Habibie

De Bacharuddin Jusuf Habibie, gebuer de 25. Juni 1936 zu Pare-Pare op Sulawesi, an Indonesien; a gestuerwen den 11. September 2019 zu Jakarta, war en indoneesesche Wëssenschaftler a Politiker. Hie war tëscht 1998 an 1999 Staatspresident vun Indonesien.

Bacharuddin Jusuf Habibie
Gebuer 25. Juni 1936
Gestuerwen 11. September 2019
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit Indonesien
Educatioun RWTH Aachen
Aktivitéit Politiker, Ingenieur

Liewen änneren

Den Habibie huet op der RWTH Aachen Loft- a Raumfahrttechnik studéiert an dee Studium 1965 mat engem Doktorat summa cum laude ofgeschloss. Dono huet hie bis 1974 bei Messerschmitt-Bölkow-Blohm geschafft.

Wéi en an Indonesien hannescht goung, gouf en do 1978 Staatsminister fir Fuerschung an Technologie. 1998 gouf den Habibie Vizepresident an den 21. Mee 1998 nom Suharto sengem Récktrëtt drëtte President vun Indonesien zanter datt et onofhängeg ass. Den Habibie huet Reformen an d'Weeër geleet, fir d'Diktatur, wéi se vum Suharto opgebaut gi war, an eng Demokratie ëmzewandeln. Hien huet fräi Gewerkschaften a fräi Walen zougelooss a politesch Prisonéier aus dem Prisong fräi gelooss. Hien huet och erméiglecht, datt et e Referendum iwwer d'Onofhängegkeet vun Osttimor géif, wou bis dohin e jorelaange bluddege Biergerkrich war. Ë. a. d'Militär war géint sou eng Onofhängegkeet. Wéi den 30. August 1999 d'Stëmme fir e Lassléise vun Indonesien am Referendum gewonnen hunn, huet d'Militär eng Offensiv gestart, déi 250.000 Osttimoresen aus hiren Haiser verdriwwen a 1500 bis 2000 Mënschen d'Liewe kascht huet. Den Habibie huet dem internationalen Drock noginn an huet UNO-Truppen, déi sougenannt INTERFET, am Land zougelooss, déi d'Situatioun berouegt hunn. No engem UNOP-Mandat vun 3 Joer gouf Osttimor 2002 onofhängeg.

Bei den nächste Walen huet den Habibie net méi kandidéiert, an den Abdurrahman Wahid gouf säin Nofollger als Staatspresident.

Hien ass 2019 zu Jakarta an engem Arméispidol gestuerwen.

Literatur änneren

  • Heinrich Seemann: Tagebuch einer Revolution. Indonesiens Weg zur Demokratie (1998–2000). Bonn: Dietz 2016.

Wierker (Auswiel) änneren

  • Beitrag zur Temperaturbeanspruchung der orthotropen Kragscheibe. Dissertatioun op der RWTH Oochen, 25. November 1965
  • Entwicklung eines Berechnungsverfahrens zur Bestimmung der Rißfortschrittsgeschwindigkeit an Schalenstrukturen aus A1-Legierungen und Titanium. Hamburger Flugzeugbau GmbH, Messerschmitt-Bölkow-Blohm GmbH, 1969
  • Entwicklung eines Verfahrens zur Bestimmung des Rißfortschritts in Schalenstrukturen. Hamburger Flugzeugbau GmbH, Messerschmitt-Bölkow-Blohm GmbH, 1970
  • Eine Berechnungsmethode zum Voraussagen des Fortschritts von Rissen unter beliebigen Belastungen und Vergleiche mit entsprechenden Versuchsergebnissen. Virdrag op der 4. DGLR Joreskonferenz, den 11–13. Oktober 1971 zu Baden-Baden, Verlag Messerschmitt-Bölkow-Blohm GmbH, 1971
  • B. J. Habibie; B. Laschka (ed.): Proceedings of the International Symposium on Aeronautical Science and Technology of Indonesia, Indonesian Aeronautical and Astronautical Institute; Deutsche Gesellschaft für Luft- und Raumfahrt, 1986
  • Sophisticated Technologies. Taking root in developing countries. In: International Journal of Technology Management (IJTM). Band 5, Nr. 5, 1990, S. 489–497
  • 517 Tage. Indonesien: Geburt einer Demokratie, Mit einem Geleitwort von Helmut Schmidt. Herbert Utz Verlag, München 2009, ISBN 978-3-8316-0888-1