BRIC ass an der Ekonomie en Akronym fir d'Länner Braslien, Russland, Indien a China, déi an engem änleche Stadium vu wirtschaftlecher Entwécklung sinn. D'BRIC-Länner representéiere 40 % vun der Weltbevëlkerung a 25 % vun der Landfläch.

D'BRIC-Länner (gréng) op enger Weltkaart

Den Term gouf fir d'éischt vum Jim O'Neill, deemools Ekonomist bei Goldman Sachs, am Joer 2001 a sengem Essai Building Better Global Economic BRICs gebraucht. E symboliséiert haut och d'Changementer an der Weltwirtschaft an d'Verréckele vun der globaler wirtschaftlecher Dominanz ewech vun de G7 hin zu de Schwellelänner, déi sech rasant entwéckelen.

2010 ass Südafrika zu de BRIC-Länner gestouss; dofir schwätzt een haut vun de BRICS.