BB 36000
Nummeréierung: 36001 - 36030
36331 - 36360
Stéckzuel: 60
Constructeur: Alstom
Baujoren: 1996 - 2002
Ausmusterung: Nach a Betrib
Achsformel: Bo'Bo'
Déngschtmass: 89 Tonnen
Längt iwwer Puffer: 19.110 mm
Héicht: 4.270 mm
Maximal Achselaascht 22,25 Tonnen
Héchstvitesse: 230km/h
Stroumsystemer: 1,5 Gläichstroum
3kV Gläichstroum
25kV Wiesselstroum
Leeschtung: 5.600 kW

D'BB 36000, och nach Astride genannt (fir Asynchron Tricurrent Drive Engine), sinn eng Serie vun Elektrolokomotive fir den Asaz ënner dräi verschiddene Stroumsystemer.

Allgemenges änneren

  • 1995 wollt d'SNCF, an am Speziellen de Gidderdéngscht FRET, Lokomotive fir iwwer d'Grenzen eraus an d'3kV Netzer an der Belsch an an Italie kënnen ze fueren. Dowéinst gouf d'Commande vun de leschten 30 BB 26000 an eng nei Serie ëmgeännert. Bis 2002 goufen 30 weider Maschinne kaaft.
  • D'BB 36000 sinn, obwuel se eng Héchstvitesse vun 230km/h hunn, ni regulär viru Persounenzich agesat ginn.
  • D'Firma Alstom huet aus de BB 36000 d'Serie 13 vun der SNCB an hir Schwëstere vun der CFL Serie 3000 entwéckelt.

BB 36000 änneren

Déi haut 30 Maschinnen déi d'Nummeren 36001 bis 36030 hunn, waren déi éischt déi ausgeliwwert goufen. Si sinn an der sougenannter "Multiservice" Livrée ënnerwee, an op de grenziwwergräifende Giddertransport tëscht der Belsch a Frankräich spezialiséiert.

BB 36200-300 änneren

Déi 30 lescht BB 36000 goufen an eng nei Serie ëmgeännert, d'BB 36200-300. Si krueten déi gréng "FRET" Livrée an hu speziellen Ekipement dobäi fir kënnen op de Gidderstrecke Richtung Italien ze fueren. Donieft musse Lokomotiven an Italie speziell sechstelleg Nummeren u béiden Enner hunn, wat d'BB 36200-300 hunn. Fir kënnen am Fréjustunnel tëscht Frankräich an Italien ze fueren, krueten d'BB 36200-300 speziell Läschinstallatioune fir de Fall datt et am Tunnel zu engem Feier sollt kommen.