B-24 Monument bei Wibrin

D'B-24 Monument bei Wibrin ass e Monument vum Zweete Weltkrich dat un den Ofstuerz vun engem B-24 Bommer den 29. Januar 1944 am Bësch tëscht Wibrin an Dinez an der Gemeng Houffalize soll erënneren a bei deem 4 Membre vun der Besatzung ëm d'Liewe koumen. E fënnefte Mann den Sgt. Abe Soffermann, dee mam Pilot, vun der belscher Resistenzgrupp Byl bei Harre verstoppt gouf ass speider bei enger Razzia vun der Wehrmacht ëm d'Liewe komm. De Co-Pilot vum Fliger war zu Wibrin, eng honnert Meter vun der Kierch ewech, gelant a konnt sech mat Hëllef vun den Awunner aus dem Stëbs maachen.

B-24 Monument bei Wibrin

Den amerikanesche Fliger war no engem Bombardement vu Franfurt um Réckwee fir an England wéi e vun engem däitsche Juegdfliger géint hallwer zwielef ofgeschoss gouf.

D'Monument gouf an Zesummenaarbecht vun der Gemeng mat der 8th Army Air Force opgeriicht. Et steet tëscht Wibrin an Dinez laanscht d'rue de Statte, um Lieu-dit Martin Moulin.