Bëschofspalais (Stad Lëtzebuerg)

Bëschofssëtz zu Lëtzebuerg

De Bëschofspalais an der Stad Lëtzebuerg ass d'Residenz an den Aarbechtssëtz vum Bëschof vu Lëtzebuerg. Deen haitege Bëschofspalais, an der Avenue Marie-Thérèse, gouf 1958 no Pläng vum René Mailliet a vum Pierre Reuter gebaut. De Bauhär war de Léon Lommel, dee vun 1956 bis 1971 Bëschof war.[1]

Bëschofspalais
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Adress 3, Avenue Marie-Thérèse
Koordinaten 49° 36’ 29.71’’ N
      06° 07’ 26.40’’ O
Architekt(en) René Mailliet, Pierre Reuter
Datum vum Bau 1958

De 4. Februar 2022 gouf d'Gebai als national Kulturierfschaft klasséiert.[2]

De fréiere Bëschofspalais an der Paschtoueschgaass.

Beschreiwung änneren

Et steet op der Plaz vun den Iwwerreschter vun der fréierer Villa Schaefer, déi hirersäits, nom Schleefe vun der Festung, op de Fëllementer vum Reduit Peter gebaut gi war. De fréiere Park, dee vum Edouard André (wéi de Rescht vun de Parken op de fréiere Festugnsanlagen) entworf gi war, gouf moderniséiert, fir bessert bei dat neit Gebai ze passen.

Deen éischte Bëschofspalais war op der Nummer 3 an der Paschtoueschgaass. Dat neit Gebai, an engem soberen, moderne Stil, war vun Ufank u konzipéiert, gläichzäiteg Residenz, Emfanksgebai a Gäschthaus ze sinn. Et huet d'Form vun engem 'H', an huet 3 Niveauen (wouvun der just 2 vun der Strooss aus ze gesi sinn); nom Péitrussdall zou, am Hank, ass nach e véierten Niveau, deen an eng Terrass iwwergeet.

D'Entréesdier aus Bronze gouf vum Auguste Trémont entworf.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Bëschofspalais (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Quell, wou net anescht uginn: Avis vun der COSIMO vum 14. Oktober 2020 iwwer eng méiglech Klasséierung.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).