D'Bësch-Hyazinth (Hyacinthoides non-scripta), ass eng Zwibbelplanz, déi fréi blitt, aus der Gattung vun de Hyacinthoides bannent der Famill vun de Spargelgewächser (Asparagaceae).

Bësch-Hyazinth
Bësch-Hyazintehn an der Bléi
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Liliopsida
Uerdnung Asparagales
Famill Hyacinthaceae
Gattung Hyacinthoides
Aart Bësch-Hyazinth
Wëssenschaftlechen Numm
Hyacinthoides non-scripta
(L.) Chouard ex Rothm.

Charakteristiken änneren

Et handelt sech ëm eng ausdauernd, krauteg Planz, déi 15 bis 40, och alt emol 50 cm héich gëtt. Si iwwerwantert mat Hëllef vun 1 bis 1,5 Zantimeter décken Zwiwwelen. Am Fréijoer kommen do 3 bis 6 Blieder eraus, déi 20 bis 50 cm laang a 7 bis 15, och alt 25 Millimeter breet ginn.

Tëscht Mëtt Abrëll a Mëtt Mee huet d'Planz blo-mof kläckelcherfërmeg Bléien, déi un Drauwe vu 6 bis 12 Bléie wuessen.

Vereenzelt Bëscher si bekannt dofir, dass d'Bësch-Hyazinth do besonnesch dacks virkënnt, an esou ganzer Blummenteppecher am Ënnerholz bilt, wéi z. B. den Hallerbos am Flämesche Brabant.

Literatur änneren

  • John McNeill: Hyacinthoides. (efloras.org)
  • Helmut Preisinger: Waldhyazinthen und die blauen Frühlingswälder Nordwesteuropas. Botanischer Verein zu Hamburg, Verein für Pflanzenkunde, Naturschutz und Landschaftspflege.

Um Spaweck änneren

Commons: Hyacinthoides non-scripta – Biller, Videoen oder Audiodateien