"Dat si béimesch Dierfer fir mech", ass eng eeler, mä nach ëmmer gebräichlech Riedensaart fir: "Dat kennen ech guer a glat net" oder "Dat verstinn ech net".

Originn a Verbreedung änneren

Dës Riedensaart entstaamt ursprénglech der Donaumonarchie Éisträich-Ungarn, zu där och d'Kinnekräich Béimen (en Deel vum haitegen Tschechien) gehéiert huet, deem seng Dierfer ganz entleeë waren a fir Lëtzebuergesch- an Däitschsproocheger onverständlech tschechesch ("béimesch") Nimm haten.

A Béime selwer schwätze se bei där selwechter Geleeënheet vum spueneschen Duerf. Sengerzäit war Spuenien nämlech en nach méi entleeënt Kinnekräich. Am Engleschen dogéint seet een: It's Greek to me! - "Et kënnt mer griischech vir", e Sproch dee vum William Shakespeare erfonnt ginn ass.

Kuckt och änneren