Avenue Michel-Majerus

Strooss um Belval an der Gemeng Suessem, am Quartier Belval-Süd

D'Avenue Michel-Majerus ass eng Strooss um Belval an der Gemeng Suessem, am Quartier Belval-Süd. Si ass d'Haaptachs vun deem Quartier a fänkt um Ufank vum Park Belval un, fir dann eng 450 Meter an nordwestlech Richtung ze goen, an dann um Wupp an der Poststrooss zu Bieles erauszekommen. De Quartier laanscht a ronderëm d'Strooss ass nach am Gaang, gebaut ze ginn (Stand 2022).

Avenue Michel-Majerus
Längt ca. 450 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Suessem
Uertschaft Bieles
Quartier Belval
Postcode L - 4...
Koordinaten 49° 30’ 27.7’’ N
      05° 55’ 57.1’’ O

Den Numm erënnert un den Escher Kënschtler Michel Majerus (1967-2002).

Pläng, déi 2020 virgestallt goufen, gesi vir, dass bannent enger gudder Dose Joren déi nei Tramslinn Cloche d'or - Stadhaus Bieles heiriwwer fuere soll[1],[2].

Geschicht änneren

D'Strooss gouf als en Deel vum Masterplang vum Belval ugeluecht, bei deem de westlechen Deel vun der Schmelz um Belval urbanistesch ëmgewandelt gouf.

De Gemengerot vu Suessem huet decidéiert[Wéini ?], all Stroossen zu Belval-Süd no Kënschtler ze nennen.

Gebaier änneren

  • Kannercampus

Biller änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Jeannot Ries: "François Bausch presentéiert Projet vu séierem Tram laanscht Escher Autobunn." rtl.lu, 22.10.2020 13:43.
  2. Luc Ewen: "2028 fährt die Tram bis nach Esch." wort.lu, 21.10.2020.