Auguste-Charles Laval
Den Auguste-Charles Thomas Henri Laval, genannt “Tom”, gebuer den 18. August 1920 zu Lëtzebuerg, gestuerwen den 21. Februar 2013 zu Grez-Doiceau am Wallounesche Brabant[1], war e Lëtzebuerger Geschäftsmann.
Auguste-Charles Laval | |
---|---|
Gebuer |
18. August 1920 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
21. Februar 2013 Grez-Doiceau |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Manager, Resistenzler |
Famill | |
Papp | Léon Laval |
Hie war de Fils vum Léon Laval an der Anne Marie Blanche Tudor, der Duechter vum Henri Owen Tudor. 1947 huet hien d'Marie-Louise Paquet, gebuer den 12. Januar 1921 zu Lëtzebuerg, bestuet. Si kruten dräi Kanner: den Dominique (*1948), d'Anne (*1950), an de Jean Antoine (*1954).[2] D'Famill huet am Domaine vum Schlass Kockelscheier gelieft.
Am Zweete Weltkrich war den Auguste-Charles Laval an der Resistenz a koum 1942 iwwer d'Etappe vun de Prisongen a Lager am Gronn, zu Tréier an zu Hinzert an d'KZ Bergen-Belsen.[2]
Nom Doud vu sengem Papp, 1957, huet den Auguste-Charles Laval an der Belsch d'Leedung vun der Société Anonyme des Accumulateurs Tudor iwwerholl, déi 1990 awer verkaf gouf.
Hie war och am Verwaltungsrot vun der SOGECO, och nach wéi déi den Numm a Sogeva geännert hat.[3]
1967 ass hie President vum Verwaltungsrot vun der Poudrerie de Luxembourg ginn, eng Funktioun déi hie bis 1996 hat[4]. Mat senger Erfarung am Batteriësecteur hat hien d'Iddi fir d'Grënnung, 1976, vun der Accumalux.[5]
Bis 2010 war den Auguste-Charles Laval am Verwaltungsrot vun der Luxunion[6], der Holdinggesellschaft déi d'Intressie vun de Famille Laval, Lambert an Tesch am Grupp Foyer gruppéiert an de gréissten Aktionär am Foyer ass. Bis 2006 war hien och am Verwaltungsrot vu Foyer Finance, der Daachgesellschaft vum Grupp Foyer.[7]
Am Joer 2007 huet d'Koppel Laval-Paquet hir Participatioune vu Luxunion, Foyer Finance a Sogeva an d'Laval Holding abruecht.[8]
Literatur
änneren- Jules Mersch: Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule XII, 1963
Referenzen
änneren- ↑ Avis mortuaire, Luxemburger Wort, 23. Februar 2013, S. 84
- ↑ 2,0 2,1 Jules Mersch: Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule XII, 1963, S. 588
- ↑ http://www.legilux.public.lu/entr/search/index.php?ss_soc=sogeva&sc_soc=&sr_soc=name&sr_fj=all&sr_tp=all&sr_date=all&sl_d=1&sl_m=1&sl_y=2011&sl_d1=1&sl_m1=1&sl_y1=2011&sl_d2=6&sl_m2=11&sl_y2=2011&page_len=100&page_no=1&idm=19192200043&page=result&select_soc=true&submit=Choisir
- ↑ Avis mortuaire, Luxemburger Wort, 25. Februar 2013, S. 52
- ↑ Fréderique Moser: Poudrerie de Luxembourg: une histoire détonante, in: Paperjam, 22 septembre 2006
- ↑ http://www.etat.lu/memorial/memorial/2010/C/Html/2388/2010130285.html
- ↑ http://www.legilux.public.lu/entr/search/index.php?ss_soc=foyer+finance&sc_soc=&sr_soc=name&sr_fj=all&sr_tp=all&sr_date=all&sl_d=1&sl_m=1&sl_y=2011&sl_d1=1&sl_m1=1&sl_y1=2011&sl_d2=6&sl_m2=11&sl_y2=2011&page_len=100&page_no=1&idm=19902202997&page=result&select_soc=true&submit=Choisir
- ↑ http://www.etat.lu/memorial/memorial/2007/C/Pdf/c258313B.pdf