Asturien
Asturien | ||||
| ||||
Land | ![]() | |||
Haaptstad | Oviedo | |||
Offiziell Sprooch(en) | Spuenesch | |||
---|---|---|---|---|
Fläch | 10.603,57 km² | |||
Awunner | 1.074.862 2007) | |||
Bevëlkerungsdicht | 101,37 Aw. / km² | |||
Autonome Statut | 11. Januar 1982 | |||
Offizielle Feierdag | 8. September | |||
President | Francisco Álvarez-Cascos Fernández (FAC) | |||
Lag vun Asturien a Spuenien | ||||
Autonom Gemeinschafte vu Spuenien |
Asturien ass eng autonom Regioun a Spuenien, déi aus enger eenzeger Provënz mam selwechten Numm besteet.
D'Haaptstad ass Oviedo.
GeographieÄnneren
Asturie läit am Nordweste vu Spuenien a grenzt am Süden u Kastilien-León, am Osten u Kantabrien an am Westen u Galicien. D'Regioun vun Asturien huet eng Fläch vun 10.604 km² wat 2,1 % vu ganz Spuenie sinn.
AndeelungenÄnneren
Asturie besteet just aus enger eenzeger Provënz an ass a 78 Concejos agedeelt.
Numm | Haaptstad | Provënz | Haaptstad |
---|---|---|---|
Asturien | Oviedo | Asturien | Oviedo |
GeschichtÄnneren
D'Provënz Asturien huet sech den 11. Januar 1982 zu enger autonomer Gemeinschaft konstituéiert.
PolitikÄnneren
De President vun der Regioun Asturien ass de Francisco Álvarez-Cascos Fernández (FAC). D'Parlamentaresch Vertriedung vun Asturien huet spuenesche Kongress 8 Sëtz an am Senat huet se der 6.
DemographieÄnneren
2007 gëtt et 1.074.862 Awunner, dat sinn 2,38 % vun der Populatioun vu ganz Spuenien.
SportÄnneren
VëloÄnneren
D'Vuelta a Astirias ass eng Etappecourse mam Vëlo, déi an Asturien gefuer gëtt.
Zanter 2005 gehéiert dës Course zum UCI Europe Tour an ass zanterhier an der Kategorie 2.1 klasséiert.
Organisateur vun der Course ass de Vëlosveräin "Club Ciclista Aramo".
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Asturias – Biller, Videoen oder Audiodateien |