Astrum (latäin Stär, Plural Astra) oder Nova (latäin. nei, Plural Novae) gëtt an der Astrogeologie no der planetarescher Nomenklatur en Typ vu radialsymmetresche morphologesche Strukturen um Planéit Venus genannt.

Eng ronn 250 km breet Nova um Ts'an Nu Mons, nordwestlech vum Héichland Themis Regio. ♁27,2° Süd, 272,9° Ost

D'Astra hunn en dicht Netz vu Bréch déi vun engem Zentrum ausginn. Ob all d'Astra op déi selwecht Aart a Weis entstane sinn a wouduerch s'entstane sinn, ass nach onkloer.

D'Astra sinn op der Uewerfläch vun der Venus net zoufälleg verdeelt, mä triede kéipweis op.[1]

Als offiziell Bezeechnung ass vun der IAU nëmmen Astrum unerkannt.[2]

Literatur änneren

  • A.T. Basilevsky, Jouko Raitala: Morphology of selected novae (astra) from the analysis of Magellan images at Venus. In: Planetary and Space Science Bd. 50, Heft 1 (Jan. 2002), S. 21-39
  • H. Sigurdsson et al. (Hg.): Encyclopedia of Volcanoes. Academic Press, New York, S. 727

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. M. Aittola, J. Raitala: Classifications of Venusian Novae (astra). In: European Planetary Science Congress 2006. Berlin, Germany, 18 - 22 September 2006. S. 313
  2. Descriptor Terms im Gazetteer of Planetary Nomenclature der IAU