Den Astron war e sowjetesche Weltraumteleskop. Säin Asazgebitt waren Ultraviolett- a Röntgenfotoen. E gouf den 23. Mäerz 1983 mat enger Proton-Rakéit an den Orbit geschoss. Seng staark elliptesch Ëmlafbunn als Highly-Elliptical-Orbit-Satellit (HEO) hat dofir gesuergt, datt den Astron zu 90 % vun der Zäit baussenzeg vum Äerdschiet an der Stralungsceinture war. De Satellit war 6 Meter laang, war am Ganzen 3.500 kg schwéier a war op der Designerbasis vun der Venera-Raumsond opgebaut.

Astron
De Weltraumteleskop Astron
Typ Weltraumteleskop
Land Sowjetunioun
Apogeum 191.944 km
Perigeum 12.254 km
Bunnschréi 60,7°
Mass 3500 kg
Moossen 6 m Längt
Bunn-Ëmlafzäit 5925 min[1]
Start 23. Mäerz 1983, 12:45 UTC
Startplaz Baikonur LC200/39
Drorakéit Proton-K/D-1 307-01
Status am Orbit, deaktivéiert

Den Astron gouf sechs Joer laang bedriwwen a war zu senger Zäit dat gréisst Ultraviolettteleskop am Weltraum.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Bunndaten no n2yo, Stand Mäerz 2012