Astrium Space Transportation

Astrium Space Transportation
Grënnung Juni 2003
Opléisung 31.12.2013
Opléisungsgrond vereenegt mat Airbus Defence and Space
Sëtz Paräis, Frankräich
Direktioun Alain Charmeau CEO
Mataarbechterzuel 4400
Branche Loft- a Raumfaarttechnik
Rëschtungsindustrie
Homepage EADS Astrium

Astrium Space Transportation war en Entrepriseberäich vun Astrium. Zanter 2014 ass si en Deel vun Airbus Defence and Space. Space#Raumfaarttechnik|Space Systems]].

Geschicht änneren

Am Juni 2003 gouf am Kader vun der EADS Neistrukturéierung aus der EADS Space Division, EADS Launch Vehicles d'EADS Astrium Space Transportation ënner der Féierung vum Josef Kind an Hervé Guillou gegrënnt.

Astrium Space Transportation war den Haaptclient vum Ariane-5-Drosystem, vum Columbus-Modul vun der Internationaler Raumstatioun ISS, vum ATV souwéi vun enger ganzer Rei vu klenge Projeten, wouvu Phoenix besonnesch bemierkenswäert ass. Astrium Space Transportation war zudeem Fabrikant vun U-Boot gestëtzten Drosystemer (kuckt M51 SLBM) fir Nuklearsprengkäpp vun der franséischer Arméi.

Ronn 4400 Mataarbechter ware fir Space Transportation a Frankräich (Les Mureaux bei Paräis, Saint-Médard-en-Jalles bei Bordeaux) an an Däitschland (Ottobrunn bei München, Lampoldshausen bei Heilbronn, Immenstaad bei Friedrichshafen a Bremen) aktiv.

EADS Astrium Space Transportation gouf vum CEO Alain Charmeau geleet.

Astrium an hir Entrepriseberäicher goufen am Januar 2014 mat Cassidian an Airbus Military zesummegeluecht, a firméiert zanterhir als nei Airbus-Spart Airbus Defence and Space. Den Haaptsëtz ass zu München.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren