Asli Bayram

däitsch Schauspillerin

D'Aslı Bayram, gebuer den 1. Abrëll 1981 zu Darmstadt, ass eng däitsch Schauspillerin.

Asli Bayram
D'Asly Bayram, 2003
Gebuer 1. Abrëll 1981
Darmstadt
Nationalitéit Tierkei, Däitschland
Aktivitéit Mannequin, Participant vu Schéinheetsconcoursen, Filmschauspiller, Schrëftsteller, Theaterschauspiller

D'Aslı Bayram ass d'Duechter vun tierkeschen Imigranten. Hire Papp, e Geschäftsmann, gouf 1994 vun engem Neonazi erschoss. Si huet Droit studéiert a gouf 2005 Miss Deutschland.[1]

Zanter 2005 ass si Schauspillerin an tierkesch- an däitschsproochege Filmer. Hiren Theaterdebut hat d'Aslı Bayram 2007 op der Bün vum Escher Theater, wou si ënner der Regie vum Charles Muller Texter aus der Anne Frank hirem Tagebuch rezitéiert huet. Si huet déi Interpretatioun och mat Succès zu Frankfurt am Main opgefouert an ass 2008/2009 domat a Kanada an an den USA op Tournée gaangen.

Filmographie änneren

  • Miss Universe 2005 (Documentaire, 2005)
  • Beyza'nin kadinlari (Spillfilm, 2006) - Englesch: Shattered Soul
  • Jump (Spillfilm, 2006)
  • Short Cut to Hollywood (Spillfilm, 2009)
  • 180° - (Spillfilm, 2010)
  • Sevdah za Karima (Spillfilm, 2010) - Englesch: Blues for Karim (2010)
  • 2011: Sirat (Tëleesserie)
  • 2012: Body Complete
  • 2012: Sanghaj
  • 2012: Die Wüstenärztin (Telefilm)
  • 2013: One Chance
  • 2015: Woman in Gold
  • 2015: Unseen (Kurezfilm)
  • 2015: Septembers of Shiraz
  • 2018: Justice

Wierk änneren

  • Grenzgängerin. Leben zwischen den Welten. Gütersloher Verlagshaus, Gütersloh 2009.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Zeit-Online: Eine Jugend in Deutschland (18. März 2008)