Arturs Krišjānis Kariņš

lettesche Politiker

Den Arturs Krišjānis Kariņš, gebuer den 13. Dezember 1964 zu Wilmington, am Delaware, ass e lettesche Politiker (Vienotība). Hien war vum 23. Januar 2019 bis de 15. September 2023 Ministerpresident vu Lettland. Zanterhier ass hien Ausseminister ënner der neier Ministerpresidentin Evika Silina.

Arturs Krišjānis Kariņš
Gebuer 13. Dezember 1964
Wilmington
Nationalitéit USA, Lettland
Educatioun University of Pennsylvania
Aktivitéit Politiker, Geschäftspersoun
Partei Vienotība

Karriär änneren

De Krišjānis Kariņš huet 1988 e Bachelor a Sproochwëssenschaften op der University of Pennsylvania gemaach, an ass do 1996 promovéiert. Vun 1994 bis 2002 war hien den Direkter vun enger Entreprise.

2002 huet hien d'Partei Jaunais laiks gegrënnt, fir déi en dat Joer fir d'éischt an de Saeima, dat lettescht Parlament, gewielt gouf. 2004 bis 2006 war hie lettesche Wirtschaftsminister.

Hien ass zanter 2003 Member vum Comité vu Jaunais laiks, a war tëscht 2007 an 2008 hire President. Ausserdeem war hien, wann en net Minister oder Europadeputéierte war, Fraktiounspresident vun där Parei am lettesche Parlament.

2009 bis 2014 war hien Deputéierten am Europäesche Parlament, wou seng Partei Jaunais laiks (zanter 2011 mat aneren zu Vienotība fusionéiert) Member vun der EVP-Fraktioun ass.

Den 23. Januar 2019 gouf hien, no laange Koalitiounsverhandlungen an der Folleg vun de Parlamentswale vum 6. Oktober 2018, als Ministerpresident vun enger Regierung aus fënnef konservativen a liberale Parteien, vum Parlament konfirméiert.

Um Spaweck änneren

Commons: Arturs Krišjānis Kariņš – Biller, Videoen oder Audiodateien