Artur Sirk

estnesche Politiker a Militär

Den Artur Sirk, gebuer de 25. September 1900 zu Lehtse bei Tapa an Estland a gestuerwen den 2. August 1937 zu Iechternach, war en estesche Politiker a Militär.

Den Artur Sirk (1933)

De Sirk huet als Zaldot am Estesche Fräiheetskrich matgemaach. Hie blouf bis 1926 Zaldot a gouf dann Affekot zu Tallinn. 1929 huet hien e Veräi vu fréieren Zaldote gegrënnt, aus deem d'Estesch Unioun vun de Fräiheetskämpfer (Eesti Vabadussõjalaste Liit) ervirgoung. 1932 huet hien dru geschafft, dës Beweegung, Vaps genannt (Eesti Vabadussõjalaste Keskliit), an eng politesch Partei ëmzewandelen, déi iwwer e Referendum e presidentielle Regierungssystem an domat en autoritäre Staat erreeche wollt.

No de Gemengewale stoung de Vaps-Gruppement 1933 kuerz virdrun, d'Muecht z'iwwerhuelen, ma den 12. Mäerz 1934 huet de Staatschef Konstantin Päts se duerch d'Ausruffe vum Ausnamezoustand verbueden. De Sirk koum an de Prisong, konnt awer am November 1934 aus der Haft entkommen a sech a Finnland ofsetzen. No engem neie Putschversuch vu senger Fräiheetskämpferorganisatioun an Estland, am Dezember 1935, ass hien a Schwede geflücht a vun do weider iwwer England, Holland an d'Belsch 1937 op Lëtzebuerg komm.

Do ass en zu Iechternach gestuerwen, andeems en aus der Fënster vum 2. Stack vun engem Hotel gefall ass[1]. Offiziell war et e Suizid, ma verschidden estesch Historiker hunn d'Hypothees opgestallt, datt Agente vum Päts senger Regierung 'nogehollef' hätten, et deemno eng Defenestratioun gewiescht wier.

Referenzen änneren

  1. Luxemburger Wort vum 21. August 1937 an Obermoselzeitung vum 1. September 1937 (op eluxemburgensia.lu), déi béid eng Notiz aus der Frankfurter Zeitung ofdrécken, wou vun enger "gescheiterter Existenz" rieds geet.