Den Artikel ass grad wéi d'Besëtzadjektiver an d'demonstrativ Adjektiver e Bestëmmungswuert fir Substantiver. En ännert seng Declinaisoun, jee nodeem fir wéi e Geschlecht e gebraucht gëtt, ob en an der Eenzuel oder an der Méizuel steet, an och ofhängeg vum Casus, d. h. ob en am Nominativ, Dativ oder Akkusativ gebraucht gëtt.

Am Geschlecht änneren

Den Artikel markéiert déi dräi Fäll vum Geschlecht déi et am Lëtzebuergesche gëtt. E kann dobäi als bestëmmten, onbestëmmten, betounten oder negativen Artikel gebraucht ginn.

Bestëmmten Artikel änneren

Männlech Weiblech Neuter Erklärung a Beispiller
den Apel d'Kutsch d'Buch De bestëmmten Artikel hëlleft fir e bestëmmten Objet ze bezeechnen, oder ee vun deem scho rieds war:
Den Apel hänkt um Bam an de Mann pléckt den Apel.
D'Kutsch fiert op der Strooss, d'Fra sëtzt an der Kutsch.
D'Buch läit um Schaf, d'Kand kënnt net drun.
de Mann d'Fra d'Kand

Onbestëmmten Artikel änneren

Männlech Weiblech Neuter Erklärung a Beispiller
en Apel eng Kutsch en Heft Den onbestëmmten Artikel hëlleft fir en onbestëmmten Objet ze bezeechnen, oder ee vun deem nach net rieds war:
Hien huet en Apel.
Dat ass eng schéi Kutsch.
Gëff mir mol en Heft eriwwer.
e Mann eng Fra e Kand

Betounten Artikel änneren

Männlech Weiblech Neuter Erklärung a Beispiller
deen Apel déi Kutsch dat Heft De betounten Artikel gëtt gebraucht fir eng demonstrativ Ausso duerzestellen oder bei Substantiver déi en Adjektiv hunn:
Deen Apel ass faul.
Déi schéi Fra brauch kee Maquillage.
Déi betount Form gëtt dacks mat de Prepositiounen hei oder do gebraucht, déi dann hanner dem Substantiv stinn.
Dee Mann hei huet e grousse Gaart.
Déi brong Kutsch do huet keng Bremsen.
deen ale Mann déi kleng Fra dat déckt Kand

Negativen Artikel änneren

Männlech Weiblech Neuter Erklärung a Beispiller
keen Apel keng Kutsch keen Heft Den negativen Artikel gëtt gebraucht fir eng onbestëmmt oder partitiv Nominalgrupp ze niéieren:
De Mann huet keen Apel.
D'Fra huet keng Kutsch gesinn.
kee Mann keng Fra kee Kand

Feele vum Artikel änneren

Wa keen Artikel do steet, da gëtt en Deel vun engem Ganze gemengt. Am Lëtzebuergeschen entsprécht dat dann dem franséische partitiven Artikel.

  • Ech drénke gär Wäin, de Jos huet léiwer Whisky.
  • D'Kand mécht Botter op d'Schmier.

Méizuel änneren

Männlech Weiblech Neuter Erklärung a Beispiller
d'Äppel d'Kutschen d'Hefter An der Méizuel gëtt et nëmmen ee bestëmmten Artikel - d' - fir déi dräi Geschlechter.
Männlech Weiblech Neuter Erklärung a Beispiller
... Äppel ... Kutschen ... Hefter An der Méizuel gëtt et keen onbestëmmten Artikel. D'Feele vum Artikel an der Méizuel seet aus,
datt et sech entweeder ëm eng zielbar Quantitéit handelt oder ëm eng Totalitéit

Hien huet Gromperen.
Hatt huet Grompere gär.

Et gëtt allerdéngs en onbestëmmten negativen Artikel an der Méizuel:

Männlech Weiblech Neuter
keng Äppel keng Kutschen keng Hefter

D'betount Form an der Méizuel ass déi

Männlech Weiblech Neuter
déi Äppel
déi faul Äppel
déi Kutschen
déi schéi Kutschen
déi Hefter
déi blo Hefter

Eegenaarten änneren

  • Et gëtt eng al Form vum männlechen Artikel an der Eenzuel, < der > déi a festen Ausdréck ze fannen ass:
    • dat ass der Jomer, wat der Jomer.
    • Ëmsoss ass der Doud, an e kascht nawell d'Liewen.
    • Géint der Mueren ass et méi kal ginn.
  • Am Lëtzebuergesche kréien d'Virnimm ëmmer de bestëmmten Artikel:
    • Den Heng an d'Léin gi muer bestuet.
    • De Jos an d'Toini sinn um Tour.
  • Weiblech Virnimm déi ouni Appellatioun oder Qualifikatioun gebraucht ginn, ginn als neuter betruecht:
    • Do steet d'Germaine Jolibois; hatt huet säi Portmonni verluer.
    • Dohanne leeft d'Justine; hatt trainéiert vill, et wëll déi nächst Course gewannen.
  • Weiblech Virnimm déi mat enger Appellatioun, enger Qualifikatioun oder engem Titel gebraucht ginn, accordéiere sech domat:
    • Do hänkt e Bild vun der Sängerin Cher; si war do nach ganz jonk.
    • Do wunnt d'Joffer Ketty; si ass al, se huet 40 Joer laang Schoul gehalen.
    • D'Kinnigin Leonie ass dout; si gëtt an aacht Deeg begruewen.

Fäll änneren

All Funktioun vun der Nominalgrupp am Saz gëtt mat engem Fall markéiert.

Am Lëtzebuergesche gëtt et dräi Fäll: den Nominativ, den Akkusativ an den Dativ.

  • Den Nominativ ass de Fall vum Sujet a vum Attribut vum Sujet:
    • Den Tram steet op der Streck.
    • Dat ass den Tramschauffer.
  • Den Akkusativ ass de Fall vum Complement direct vum Objet oder vum Attribut vum Complement direct vum Objet:
    • De Bauer huet en Trakter.
    • Hie stellt den Trakter an de Schapp.
  • Den Dativ ass de Fall vum Attributiounscomplement:
    • Hie verkeeft dem Noper e Camion.
    • Et ass elo dem Noper säi Camion.

Bemierkung:

Den däitsche Geenitiv (Complement vum Objet) gëtt et just a verschiddenen Expressiounen.

  • Enn des Mounts, ass de Schantje fäerdeg.
  • Ufanks der Woch ginn zwéin nei Weeër gebaut.
  • Hatt ass des Däiwels.

Declinaisoun änneren

Nominativ / Akkusativ änneren

D'Declinaisounen am Nominativ an am Akkusativ sinn d'selwecht.

Männlech Weiblech Neuter Méizuel
bestëmmt den Apel d'Kutsch d'Buch d'Kaweechelcher
onbestëmmt en Apel eng Kutsch e Buch ... Kaweechelcher
betount deen Apel déi Kutsch dat Buch déi Kaweechelcher
negativ keen Apel keng Kutsch kee Buch keng Kaweechelcher

Nominativ

  • Am Haff steet keen Auto.
  • Déi viischt Dier ass knaschteg.
  • E Bläistëft ass fir ze schreiwen.
  • Dat déckt Buch huet vill Säiten.
  • Kamelle schmaache gutt, sinn awer schlecht fir d'Zänn.

Akkusativ

  • Si botzt déi knaschteg Dier.
  • De Jong liest dat déckt Buch.
  • Hatt suckelt keng Kamellen.


Dativ änneren

Männlech Weiblech Neuter Méizuel
bestëmmt dem Apel der Kutsch dem Buch de Kaweechelcher
onbestëmmt engem Apel enger Kutsch engem Buch ... Kaweechelcher
betount deem Apel där Kutsch deem Buch deene Kaweechelcher
negativ kengem Apel kenger Kutsch kengem Buch kenge Kaweechelcher
  • De Coiffer schneit der Fra d'Hoer.
  • Heiansdo fierft en där Fra och d'Hoer.
  • D'Léiermeedche gëtt deem Mann um Stull eng Zeitung.
  • D'Coiffeuse wäscht engem Jong de Kapp.
  • Hie gëtt kengem Kand eng Kamell.
  • Den Dokter schreift den Elteren eng Ordonnance.