Armand Schoetter

lëtzebuergeschen Handballspiller
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Armand Schoetter gebuer den 22. November 1963 zu Esch-Uelzecht ass e fréiere lëtzebuergeschen Handballspiller.[1]

Armand Schoetter
Gebuer 22. November 1963
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Handballspiller

Hien huet bei der Escher Fraternelle gespillt wou en haaptsächlech op der rietser Band aktiv war.

1984 war hie fir d'éischt am Kader vun der lëtzebuergescher Härenhandballnationalekipp. Hien huet zwéi Lännermatcher gespillt, notamment géint Kanada a géint Finnland. Am Match géint Kanada huet hien draï Goler geschoss.[1]

No senger aktiver Karriär war hie jorelaang am Comité vum Fusiounsveräin HC Esch.

Den Armand Schoetter ass bestuet a Papp vun zwee Kanner.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Archive copy Archivéiert op 2017-06-29. Gekuckt de(n) 2017-06-29.