Ardenner Zeitung (1885-1939)

Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Ardenner Zeitung, déi 1885-1939 erauskoum. Fir eng eeler Zeitung mam selwechten Numm, kuckt wgl. Ardenner Zeitung (1862-1863).


D'Ardenner Zeitung. Organ für die Kantone Wiltz, Clerf und Redingen war eng Zeitung, déi zweemol d'Woch, vum 23. September 1885 bis den 29. Dezember 1939 erauskoum. Editeur, Redakter an Drécker war den Alois A. Feld vu Wolz.

Ardenner Zeitung

Hir Positioun war anti-liberal; se war der Meenung, d'Schmelzhären an Industriepatrone géifen d'Interesse vun de Baueren net genuch berécksichtegen. Lokalnoriichten hunn eng net onwichteg Roll gespillt. Am Laf vu denger Geschicht gouf d'Ardenner Zeitung vun der Imprimerie Saint-Paul ofkaaft, déi se bis Enn 1939 weider erausginn huet.[1]

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Quell, wou net anescht uginn: Hilgert an der Literatur.