D'Apogee-Teleskope si massiv gebaut Lënsenteleskopen, déi an den éischten zwee Joerzéngte vun der Raumfaart vum Smithsonian Astrophysical Observatory an der Moonwatch-Organisatioun fir déi weltwäit visuell Observatioun vun Äerdsatellitten agesat goufen. Déi visuell Bunnbestëmmung war virun allem fir Satellitten op niddrege Bunnen, fir Dämmerungs- a Reentry-Observatioune wichteg, woufir fotografesch Kameraen deemools net gëeegent waren.

En Apogee-Teleskop (5 Zoll Ëffnung) tëscht den Aachtzöller C8 a Meade; all d'Teleskope si parallel op en helle Stär ausgeriicht.

D'Teleskopen hunn eng 13 cm Ëffnung an eng Brennwäit vu ronn 60 cm, wat eng héich Liichtstäerkt bedeit. Dat am meeschte benotzt Okular huet 20-fach Vergréisserung an ee Gesiichtsfeld vun zirka 3° mat gedeeltem Fuedemnetz, soudatt och ganz séier, net genee virausberechenbar Objete kënnen observéiert ginn.

Montéierung an Observatiounsmethod änneren

Am Ufank goufen d'Teleskope vun Observatiounsgruppen agesat, vun deene jiddweregn e klengen, mat sengem Noper iwwerlappenden Ausschnëtt vum Himmel iwwerwaacht huet, wou e Satellitenduerchgang z'erwaarde war (kuckt d'Bild).

 
Moonwatch-Observatiounsgrupp ëm 1958; jiddwereen iwwerwaacht e klengen Ausschnëtt vum Himmel.

Wéi et an den 1960er Jore gutt Bunndaten a Programmer fir Virausberechnunge gouf, goung d'Aktivitéit op Eenzelobservateuren iwwer. Vill Teleskope krute schwéier azimutal Montéierungen aus Militärbestänn (Riichtteleskope fir Panzer oder Artillerie). Si ware mat Deelkreesser ekipéiert, déi d'Ofliese vun Azimut an Héichtewénkel op ongeféier 1–2 Minutten erlaabt hunn. Mat séier noféierbarer Montéierung konnte Satellitte mat 1° pro Sekonn (400 km Bunnhéicht) observéiert ginn. Bei nach méi séieren (ongeféier knapps virum Neesantrëtt an d'Atmosphär) gouf op virausberechente Plazen op de Satellit gewaart a säin Transit um Fuedemnetz gouf geschat.

D'Zäit gouf mat enger gudder Stoppauer gemooss, ugeschloss un en Zäitzeechen. Si war ongeféier op eng Zéngtelsekonn genee, wann d'Reaktiounszäit vum Observer (ongeféier 0,2 – 0,3 s) beuecht gouf.

Nonotzung bis haut änneren

Déi visuell Observatiounsprogrammer goufen ëm 1975 ofgeschaaft, déi meescht Teleskope sinn awer bei den Amateurastronome bliwwen. Déi liichtstaark Teleskopen eegne sech besonnesch fir diffus, schwaach Himmelsobjete wéi Koméiten oder galaktesch Niwwelflecken, a wéinst dem relativ groussen Okular och fir ausgedeent no Stärekéip, déi an engem méi groussen Teleskop nëmmen als Ausschnëtt ze gesi sinn.

Op munnechen Observatoiren déngen déi robust Apogee-Teleskopen nach als Sichteleskop fir ganz grouss Lënsenteleskopen. Si weien ongeféier 15 kg a goufen an den 1950er fir militäresch Zwecker gebaut, awer zimmlech séier un d'Satellitten-Organisatioune weiderginn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Literatur änneren

  • Nelson Hayes: Trackers of the Skies. Howard Doyle Publ. 1968 und Academic Press 1975
  • Kurt Arnold: Methoden der Satellitengeodäsie, Kap.5 Beobachtungsmethoden. Akademie-Verlag, Berlin 1970