Den Antonis Samaras (heiansdo och Andonis Samaras; gr.: Αντώνης Σαμαράς), gebuer den 23. Mee 1951 zu Athen, ass e griichesche Politiker.

Antonis Samaras
Gebuer 23. Mee 1951
Athen
Nationalitéit Griicheland
Educatioun Harvard Business School,
Amherst College
Aktivitéit Politiker, Ekonomist, Diplomat

Hie war vum 20. Juni 2012 bis de 25. Januar 2015 Ministerpresident vu Griicheland an ass zanter 2009 President vun der konservativer Partei Nea Dimokratia (ND).[1]

Liewen änneren

Den Antonis Samaras ass de Jong vun engem Kardiologen an huet an den USA um Amherst College Ekonomie studéiert an dës Studien 1976 mat engem MBA absolvéiert.

1977 bis 1996 war hien Deputéierten am griichesche Parlament an ass dat nees zanter 2007 fir d'Partei Nea Dimokratia (ND). 1989 gouf hie Wirtschaftsminister a vun 1989 bis 1992 Ausseminister an der Regierung vum Konstantinos Mitsotakis.

An den 1990er Joren huet hien eng eege Partei gegrënnt, déi stramm konservativ Politiki Anixi (Πολιτική Άνοιξη, „Politescht Fréijoer”). Dës huet d'ND bei de Parlamentswale vun 1993 geschwächt, soudatt d'Oppositiounspartei PASOK nees un d'Muecht koum.

1996 huet d'Politikerin Anixi et net méi iwwer d'3 %-Barrière bei de Wale fir an d'Parlament gepackt. 2000 huet se keng Lëschte méi fir d'Walen opgestallt, mä de Samaras huet d'Nea Dimokratia ëffentlech ënnerstëtzt.

Virun de Wale fir d'Europäescht Parlament 2004 huet hie sech dann nees der Nea Dimokratia ugeschloss a gouf Deputéierten am Europaparlament. Bei de Parlamentswale vun 2007 gouf en an d'griichescht Parlament gewielt an huet säi Mandat zu Stroossbuerg opginn.

2009 war e fir e puer Méint Kulturminister. Bei de Parlamentswale vum Mee/Juni 2012 gouf d'Nea Dimokratia déi stäerkst Partei. Si huet eng Koalitiousregierung mat der PASOK gebilt, den 20. Juni 2012 gouf de Samaras zum griichesche Ministerpresident vereedegt.[2],[3],[4]

Well keng Majoritéit am Parlament zfonnt konnt ginn, fir en neie Staatspresident ze wielen, gouf d'Parlament am Dezember 2014 opgeléist. Bei den Neiwalen huet d'ND staark u Stëmme verluer, soudatt de Samaras net méi Premierminister gouf.

De Samaras ass mat der Georgia Kritikou bestuet an huet zwee Kanner.

Um Spaweck änneren

Commons: Antonis Samaras – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Πρόεδρος της Νέας Δημοκρατίας, Νέα Δημοκρατία
  2. Drei-Parteien-Koalition: Samaras als griechischer Ministerpräsident vereidigt bei faz.net, 20. Juni 2012 (gekuckt den 20. Juni 2012).
  3. zeit.de: Samaras ist neuer Ministerpräsident Griechenlands. - Er will ein Kabinett aus Konservativen und Technokraten anführen – seine Koalitionspartner stellen keine Minister.
  4. zeit.de 20. Juni 2012: Wer gewinnt, hat schon verloren