Den Antoni ("Toni") Martí Petit, gebuer 1963 zu Escaldes-Engordany, a gestuerwen de 6. November 2023, war en andorraneschen Architekt a Politiker.

Antoni Martí
Gebuertsnumm Antoni Martí Petit
Gebuer 30. Juli 1963
Escaldes-Engordany
Gestuerwen 6. November 2023
Doudesursaach Häerzkollaps
Nationalitéit Andorra
Aktivitéit Politiker, Architekt
Partei Demòcrates per Andorra

Hie war vum 11. Mee 2011 bis Mee 2019 Premierminister an Andorra.

Hie krut déi Funktioun, nodeem déi vun him gegrënnt mëtt-riets Oppositiounspartei, d'Demòcrates per Andorra (DA), bei de Parlamentswalen 2011 d'absolut Majoritéit am Parlament krut. Bei de Parlamentswale vum 1. Mäerz 2015 huet seng Partei weiderhin d'absolut Majoritéit kritt, an de Martí ass Premier bliwwen.

Virdru war hien, vun 2003-2011, Cònsol Major (Buergermeeschter) vun Escaldes-Engordany a vun 1994-2003 Conseller General (Deputéierten) am Parlament fir de Partit Liberal d'Andorra (PLA).

Um Spaweck änneren

Commons: Antoni Martí – Biller, Videoen oder Audiodateien