Antoine Feller (1636)

lëtzebuergesche Geeschtlechen
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Paschtouer vun der Nikloskierch an der Stad Lëtzebuerg. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Antoine Feller.

Den Antoine (Antonius) Feller, gebuer am Joer 1636 zu Simmer, gestuerwen den 8. Dezember 1717 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche kathoulesche Geeschtlechen.[1]

Antoine Feller
Gebuer 1636
Simmer
Gestuerwen 8. Dezember 1717
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Paschtouer

No sengem Studium am Jesuittekolléisch an der Stad Lëtzebuerg an op der theologescher Fakultéit vun Tréier krut hie 1661 d'Priisterwei a koum dunn als Paschtouer op Waldbriedemes.[2] Duerno war hie vu 1673 u bis zu sengem Doud Paschtouer vun der Nikloskierch an der Stad.[3] Am Laf vu senger 44 Joer laanger Amtszäit[4] huet sech d'Niklos-Par zu der bedeitendster Par vun der Stad entwéckelt.[5] Dem Feller huet dat aalt Paschtoueschhaus an der haiteger Kongregatiounsgaass net méi gefall an hien huet 1678 en neit Haus an der "Neugasse", der haiteger Paschtoueschgaass kaaft. Domat war et awer net gedunn: 1691 huet hien op eege Käschte méi eng grouss Wunneng nieft dem ale Paschtoueschhaus baue gelooss. 1695 ass hien dann an dat neit Paschtoueschhaus geplënnert.[6]

Den Antoine Feller, dee 1679 vum Landkapitel zum Deche gewielt ginn ass,[2] war de Monni vum Paschtouer Paul Feller.[5]

Den Antoine Feller huet e voluminéist Regëster hannerlooss, dat hie vu 1674 un als Paschtouer vun der Nikloskierch redigéiert huet, a wou hien Dag fir Dag d'Kanddafen, d'Hochzäiten, d'Begriefnesser a Kasualien notéiert huet. Donieft fënnt een doran och perséinlech Notizen an eng Chronik vun der Belagerung an der Eruewerung vun der Stad Lëtzebuerg duerch d'Fransousen (Dezember 1683-Juni 1684).[7]

Literatur änneren

  • Lafontaine, P., 1997. Die Belagerung und Erstürmung der Stadt Luxemburg aus der Sicht des Pfarrers von St. Nikolaus, Antonius Feller (1683-1684). Hémecht, 49(1997), H. 3, S. 415-421.
  • Zettinger, L., 1966. La chronique de l'abbé Antoine Feller, curé de l'église paroissiale de Saint-Nicolas à Luxembourg: (1674-1717). Hémecht, 18(1966), H. 4, S. 433-447.
  • Zettinger, L., 1967. La chronique de l'abbé Antoine Feller, curé de l'église paroissiale de Saint-Nicolas à Luxembourg: (1674-1717). Hémecht, 19(1967), H. 2, S. 181-197.
  • Zettinger, L., 1971. La chronique de l'abbé Antoine Feller, curé de l'église paroissiale de Saint-Nicolas à Luxembourg: (1674-1717). Hémecht, 23(1971), H. 1, S. 59-77.

Referenzen änneren

  1. G. Spedener: Die im Luxemburger Lande lebten und webten. Biographische Notizen. Grevenmacher 1937, S. 24.
  2. 2,0 2,1 Lafontaine 1997, S. 416.
  3. M. Blum, J. Zieser & A. Koenig: Series pastorum, oder: Reihenfolge der Seelsorger der einzelnen Pfarreien des heutigen Grossherzogtums Luxemburg. Luxemburg, 1930, S. 152.
  4. Liste nominative de tous les Curés qui ont été Préposés, depuis l'an 1500, à la paroisse de Saint-Nicolas et Sainte-Thérèse, à Luxembourg. Journal de la Ville et du Grand-Duché de Luxembourg 1827, No. 4 (13 janvier), S. 3. [1]
  5. 5,0 5,1 M. Faltz: Heimstätte U.L. Frau von Luxemburg, einst und jetzt. 1.-3. Tausend. Luxemburg 1920, S. 57.
  6. M. Schmitt: Das Pfarrhaus von Liebfrauen. In: Ons Stad 1988, Nr. 27, S. 16-17. [2]
  7. Lafontaine 1997, Zettinger 1966/71.