Antoine-Jérôme Balard

franséische Cheemiker an Apdikter
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Antoine-Jérôme Balard, gebuer den 30. September 1802 zu Montpellier, a gestuerwen den 30. Mäerz 1876 zu Paräis, war e franséische Cheemiker an Apdikter. Hien ass ë. a. bekannt dofir, de Brom entdeckt ze hunn.

Antoine-Jérôme Balard
Gebuer 30. September 1802
Montpellier
Gestuerwen 30. Mäerz 1876
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Chimist, Professer, Apdikter
Member vun Académie des sciences, Académie nationale de médecine, Accademia delle Scienze di Torino

Liewen änneren

De Balard ass als Jong vun engem Wënzer op Welt komm. Seng Mamm war Kächen am Haus vu senger Giedel, an do huet hien och seng Kandheet verbruecht. Seng Schoul huet hien ze Montpellier gemaach, wou hien als Apdikter een Ofschloss krut. Hie war Professer op der Faculté des Sciences de Paris. 1850 ass hie Professer um Collège de France ginn.

No sengem Doud ass hien am Panthéon begruewe ginn. De Louis Pasteur an de Marcelin Bertholet waren zwéi vu senge Studenten.

Wëssenschaftlech Aarbecht änneren

De Balard ass virun allem bekannt fir de Brom entdeckt ze hunn. Hien huet awer och d'Hypochloritsaier (HClO) entdeckt, ausserdeem den 1,2-Dibromoethan an d'Oxamechsaier (H2NCO-COOH). Donieft huet hien nach d'Liichtempfindlechkeet vum Sëlwerbromid entdeckt. Déi Substanz gouf spéiderhin an den éischte Filmer verwendt.

Kuckt och änneren

Éierungen änneren

Um Spaweck änneren