Antofagasta
Antofagasta ass eng Stad am Norde vum südamerikaneschen Anden-Staat Chile. Si huet 352.600 Awunner (Stand 2017). An der Quechua-Sprooch heescht den Numm vun der Stad esouvill wéi Duerf um grousse Salzséi. Antofagasta ass d'Haaptstad vun der Regioun an der Provënz mam selwechten Numm.
Antofagasta | |
---|---|
Land | Chile |
Awunner | 348.517 |
2017 | |
Fläch | 56,12 km² |
Héicht | 40 m |
Koordinaten | 23°38'47"S, 70°23'53"W |
Telefonszon | 55 |
Postcode | 1240000 |
Websäit | https://www.municipalidadantofagasta.cl/ |
Geographie
ännerenAntofagasta läit um Pazifik, um Bord vun der Atacama-Wüst. Vun do sinn et eng 1.400 km bis an d'Haaptstad Santiago.
D'Klima ass dréchen, ma agreabel, ausser am Summer wann et ganz waarm ka ginn.
Geschicht
ännerenEt huet eng Zäitche gedauert, ier Bolivien an Chile sech eens waren zum weem Antofagasta gehéiere géif. Am Ufank huet kee sech richteg dofir intresséiert. Nodeems 1866 grouss Nitrat-Virkommen entdeckt gi waren, aus deem den Dünger (Salpéiter) gemaach ka ginn, koum et dowéinst 1879 zum sougenannte Salpéiterkrich. Antofagasta ass de 14. Februar 1879 vum Chile eruewert ginn, wat schlussendlech 1904 vu Bolivien an engem Friddensvertrag unerkannt gouf.
Kuckeswäertes
ännerenAm Zentrum ze kucke gëtt et e Koffer-Monument, en Onofhängegkeetsmonument, en Eisebunnsmusée an e puer Gebaier aus der spuenescher Kolonialzäit.
Ekonomie
ännerenD'Stad ass en Zentrum vum Export vu Biergbauprodukter (Koffer, Salpéiter, Borax...) an eng Rëtsch Firmen, déi an deem Beräich aktiv sinn, hunn do hire Sëtz. Och Stol gëtt do produzéiert.
D'Stad ass den Terminus vun der Eisebunnslinn Antofagasta–La Paz an der Eisebunnsstreck Antofagasta-Salta an Argentinien.
De Fluchhafen Aeropuerto Internacional Cerro Moreno läit am Norde vun der Stad.
Bildung
ännerenZu Antofagasta ginn et e puer Universitéiten, dorënner d'Universidad de Antofagasta an d'Universidad Católica del Norte.
Um Spaweck
ännerenCommons: Antofagasta – Biller, Videoen oder Audiodateien |