Den Anthony Clement McAuliffe, gebuer den 2. Juli 1898 zu Washington D.C. a gestuerwen den 11. August 1975 zu Chevy Chase, Maryland, war en US-amerikanesche Generol.

Anthony McAuliffe
Gebuer 2. Juli 1898
Washington
Gestuerwen 11. August 1975
Washington
Nationalitéit USA
Educatioun United States Military Academy
Aktivitéit Zaldot

Am Zweete Weltkrich, an der Schluecht ëm Baaschtnech, an der Ardennenoffensiv, huet de McAuliffe déi 101. US-Loftlandedivisioun, 101st Airborne Division, misse kommandéieren, well de Generol Maxwell D. Taylor op enger Konferenz an den USA war.

Am beschte bekannt ass dem McAuliffe seng Äntwert "nuts" un den däitsche Generol Heinrich von Lüttwitz, deen d'amerikanesch Truppen opgefuerdert hat, sech z'erginn.

Als Erënnerung un de McAuliffe gouf zu Baaschtnech d'Haaptplaz ëmgedeeft, e Memorial mat enger Buste opgeriicht an en Sherman-Tanks niewendru gestallt.

Um Spaweck änneren

Commons: Anthony McAuliffe – Biller, Videoen oder Audiodateien