Den ënneschten an den ieweschten Antelope-Canyon sinn zwéi kleng Canyons net wäit ewech vu Page am Coconino County am US-Staat Arizona.

Bannen am ieweschten am Antilope-Canyon
USA-Kaart mam USA-Antelope-Canyon

Den Terrain mat de Canyons leien an der Navajo Indian Reservation, dem gréisste Reservat vun den nordamerikaneschen Diné-Indianer, och Navaho oder Navajo genannt.

Déi meescht Zäit sinn déi Canyons dréchen, an et kann een doduerch trëppelen. Wa Schliet ugekënnegt sinn, gëtt et do geféierlech. 1997 sinn am ënneschten Antilope-Canyon 11 Touristen erdronk.

Fir Touristen, a besonnesch fir Fotografen ass deen Ieweschte mat enger Längt vu 400 Meter an enger Déift vun iwwer 40 Meter eng Delikatess, well wann d'Mëttessonn an d'Labyrinthe schéngt, geheien d'Sandformen aussergewéinlech Faarfspiller.

Bannen am ieweschten Antelope-Canyon