Anny Blau

lëtzebuergesch Resistenzlerin

D' Anne ("Anny") Blau, gebuer den 13. Mee 1905 zu Réimech, a gestuerwen de 16. Juni 1944 am KZ Anrath, war eng lëtzebuergesch Resistenzlerin[1].

Anny Blau
Gebuer 13. Mee 1905
Réimech
Gestuerwen 14. Juni 1944
Prisong vun Anrath
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Resistenzler

Si huet vum Kleeder-Strecke gelieft a bei hirer Tatta gewunnt. Wärend der däitscher Besatzung 1940-44 huet si bei sech doheem Jonge verstoppt, déi an d'Wehrmacht hätte sollen zwangsrekrutéiert ginn. Si gouf vun däitsch-frëndlechen Nopere verroden a gouf den 22. Dezember 1943 verhaft, an da fir d'éischt am Gronn an de Prisong gestach, ier s'op Anrath an de Prisong koum, wou se de 16. Juni 1944 gestuerwen ass.[2]

'Offiziell' wier si en natierlechen Doud gestuerwen, der Unioun no wier se zu Doud gebeetscht ginn, well se déi 11 Jongen, déi bei hir verstoppt waren, net wollt verroden.[1]

Si gouf den 20. Juni 1944 zu Réimech begruewen.

Fir u si z'erënneren, gouf zu Réimech eng Strooss, d'rue Anny-Blau[3], no hir genannt.

Literatur

änneren
  • Wagener, Pol: "Heroischer Patriotismus: zur Geschichte der Anny Blau und Felix Bereitem." In: E Stéck Réimech: Réimech - Kiirch, Réimech - Geschicht, Réimech - Kultur, Réimech a säi Gesangsveräin: Chorale Sainte-Cécile Remich: 1848-1998: 150e anniversaire. Remich, 1998. S.225-228.


Referenzen

änneren
  1. 1,0 1,1 Anny Blau. Les rues au féminin. Edition 2020, S.42-43, op cnfl.lu (nogekuckt: 16.10.2024).
  2. Wënzereck. In: Luxemburger Wort, 1945. Jg., nº 349/350 (15.12.1945), p. 4 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  3. L-5515