Haaptmenü opmaachen
D'Anne-Marie Mesmoudi

D'Anne-Marie Mesmoudi, gebuer den 28. Mee 1960 zu Meknès a Marokko, ass eng franséisch Athletin, a Spezielistin am Athletesche Goen.

Si huet hir Lizenz beim paräisser Club Stade français, a si geet kuerz Distanzen, z. B. d'3000 Meter, awer och méi grouss Strecken, Ultramarathon genannt, wéi de Paris-Colmar mat iwwer 260 km.

Hire Coach ass de Roger Quemener, fréiere Champion an der Marche a siwe Mol Gewënner vu Paris-Colmar.