D'Anna Seghers, gebuer den 19. November 1900 zu Mainz a gestuerwen den 1. Juni 1983 zu Ost-Berlin, mam richtegen Numm Netty Radványi, gebuer Reiling, war eng däitsch Schrëftstellerin.

Anna Seghers
Gebuertsnumm Netty Reiling
Gebuer 19. November 1900
Mainz
Gestuerwen 1. Juni 1983
Ost-Berlin
Nationalitéit Däitschland, Däitsch Demokratesch Republik, Ungarn
Educatioun Universitéit vun Heidelberg,
Universitéit vu Köln
Aktivitéit Schrëftsteller, Romancier
Partei Sozialistische Einheitspartei Deutschlands
Member vun Akademie der Künste der DDR
Famill
Bestuet mat Johann Lorenz Schmidt

Wéinst hire jiddeschen Originnen an hirem Engagement an der KPD ass si 1933, nodeems d'Nationalsozialisten an Däitschland un d'Muecht komm waren an hir Bicher verbueden a verbrannt haten, mat hirer Famill iwwer d'Schwäiz a Frankräich geflücht, a vun do, wéi d'Nazien 1940 a Frankräich agefall sinn, iwwer d'Martinique an New-York a Mexiko emigréiert. Nom Krich ass si an d'DDR wunne gaangen, wou si bis zu hirem Doud gelieft huet.

Hir éischt Erzielunge sinn am Stil vun der Neuen Sachlichkeit geschriwwen, wärend dem Krich huet si zu den Auteure vun der Exilliteratur gehéiert. Si war ë. a. Mataarbechterin vun enger Exilliteratur-Zäitschrëft an huet Exilanten-Zerkelen opgeriicht. Aus där Zäit sinn zwee mat vun hire bekanntste Wierker, Transit an Das siebte Kreuz erauskomm.

An der DDR huet si am sozialistesch-realistesche Stil geschriwwen, war an der Staatspartei, der Sozialistischen Einheitspartei Deutschlands, an huet an hire Wierker de Stalin verherrlecht (woufir s'e Gielchen, de Stalin-Friddenspräis, krut. Si hat och offiziell Funktiounen an der DDR, a war ë. a. Presidentin vum Schrëftstellerverband vun do.

Si huet nach am héijen Alter geschriwwen.

Wierker änneren

  • 1925 - Jans muß sterben
  • 1928 - Aufstand der Fischer von St. Barbara
  • 1930 - Auf dem Wege zur amerikanischen Botschaft und andere Erzählungen
  • 1932 - Die Gefährten
  • 1933 - Der Kopflohn
  • 1935 - Der Weg durch den Februar
  • 1937 - Die Rettung
  • 1940 - Die schönsten Sagen vom Räuber Woynok. Sagen von Artemis
  • 1942 - Das siebte Kreuz
  • 1943 - Der Ausflug der toten Mädchen
  • 1944 - Transit
  • 1948 - Sowjetmenschen. Lebensbeschreibungen nach ihren Berichten
  • 1949 - Die Toten bleiben jung
  • 1949 - Die Hochzeit von Haiti
  • 1950 - Die Linie
  • 1950 - Der Kesselflicker
  • 1951 - Crisanta
  • 1951 - Die Kinder
  • 1952 - Der Mann und sein Name
  • 1953 - Der Bienenstock
  • 1958 - Brot und Salz
  • 1959 - Die Entscheidung
  • 1961 - Das Licht auf dem Galgen
  • 1963 - Über Tolstoi. Über Dostojewski
  • 1965 - Die Kraft der Schwachen
  • 1967 - Das wirkliche Blau. Eine Geschichte aus Mexiko
  • 1968 - Das Vertrauen
  • 1969 - Glauben an Irdisches
  • 1970 - Briefe an Leser
  • 1970 - Über Kunstwerk und Wirklichkeit
  • 1971 - Überfahrt. Eine Liebesgeschichte
  • 1977 - Steinzeit. Wiederbegegnung
  • 1980 - Drei Frauen aus Haiti
  • 1990 - Der gerechte Richter (1957 geschriwwen, konnt awer eréischt 1990 publizéiert ginn)

Si krut eng sëllege Präisser an Auszeechnungen, déi meescht aus der DDR, ma och z. B. schonn 1947[1] de Georg-Büchner-Präis.

Um Spaweck änneren

Commons: Anna Seghers – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Vrun der Grënnung vun der DDR