Anna Klemmer

lëtzebuergesch Resistenzlerin
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Anna Klemmer ("Klemmesch Aani"), gebuer 1885 a gestuerwen de 4. Oktober 1964, war eng lëtzebuergesch Resistenzlerin am Zweete Weltkrich.[1]

Anna Klemmer
Gebuer 1885
Gestuerwen 4. Oktober 1964
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Resistenzler

Si huet wärend der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich zwéi Refraktäre verstoppt. Se goufe verroden; ee vun de Jonge gouf erschoss, deen anere verhaft, grad wéi och d'Anna Klemmer. Bis un d'Enn vum Krich war si a verschiddenen däitsche Prisongen, zulescht zu Hamburg. No hirer Befreiung gouf si mat engem brittesche Fliger op Bréissel ausgeflunn, a koum vun do hannescht op Buerschent. D'Leit vun do haten hir Häip nees esou wäit a Fassong bruecht. Si war dunn och déi éischt Persoun vu Buerschent, déi mat engem Fliger geflunn ass.[2]

Fir u si z'erënneren, huet de Gemengerot vu Buerschent den 11. Juni 2021 decidéiert, d'Strooss bei de Burewee zu Buerschent no hir Anna-Klemmer-Strooss ze nennen[3],[4], nodeems hiren Numm schonns éischter am Joer fir den Internationale Fraendag symbolesch ënner e "männlecht" Stroosseschëld gehaange gi war.[5]

Referenzen

änneren
  1. Anna Klemmer Strooss op rues-au-feminin.lu, nogekuckt: 21.10.2024.
  2. "Bourscheid: Schicksal eines Öslinger Höhendorfes." Revue. Letzeburger Illustre'ert. 1. Jg. Nr.1, September 1945, S. 8-10; ofkopéiert op op ons-jongen-a-meedercher.lu (nogekuckt: 21.10.2024).
  3. L-9140.
  4. Séance du conseil communal du 11 juin 2021. op bourscheid.lu (nogekuctk 21.10.2024).
  5. "Symbolischer Akt im Rahmen des Internationalen Tages der Frauen 2021." Communiqué Commune de Bourscheid, s.d. [2021].