Angkor Wat
Angkor Wat (op Khmer: អង្គរវត្ត) war fir d'éischt en hinduisteschen, spéider e buddhisteschen Tempelkomplex am Kambodja an ass dat gréisst reliéist Monument op der Welt.
E gouf vum Khmer-Kinnek Suryavarman II. am fréien 12. Joerhonnert zu Yasodharapura (haitegen Numm: Angkor), der Haaptstad vum Khmerräich, als säi Staatstempel a spéidere Mausoleum gebaut. Hien huet mat der Traditioun gebrach an den Tempel net wéi d'Kinneke virun him der Gëttin Shiva gewidmet, mä dem Vishnu. En ass deen Tempel op där Plaz, deen am beschten erhalen ass, an et ass deen eenzegen, deen e bedeitende reliéisen Zenter zënter senger Grënnung bliwwen ass.
Den Tempel ass den Héichpunkt vun der klassescher Khmer-Architektur. De Komplex ass e Symbol vum Kambodja ginn, dat op dem Land sengem Fändel ze gesinn ass, an ass dem Land seng Top-Attraktioun fir Touristen.
Biller
änneren-
Angkor Wat aus der Loft
-
Déi ëstlech Enntrée
-
Dokoratiounen op enger Seil...
-
...an enger Mauer
-
Ee vun de Bannenhäff
Um Spaweck
ännerenCommons: Angkor Wat – Biller, Videoen oder Audiodateien |