Andrew Bertie
De Fra' Andrew Willoughby Ninian Bertie, gebuer de 15. Mee 1929 zu London, a gestuerwen de 7. Februar 2008 zu Roum, war vum Abrëll 1988 bis zu sengem Doud den 78. Groussmeeschter vum Malteeseruerden.
Andrew Bertie | |
---|---|
Gebuer |
15. Mee 1929 London |
Gestuerwen |
7. Februar 2008 Roum |
Doudesursaach | Kriibs |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun |
Christ Church College, SOAS University of London |
Säi Virgänger an där Funktioun war den Angelo de Mojana di Cologna a säin Nofollger ass de Matthew Festing ginn.