Andreaskierch vu Biereng

D'Andreaskierch vu Biereng ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Miersch Saint-François, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Miersch gehéiert.

Kierch vu Biereng
Kierch vu Biereng (2024)

Kierch vu Biereng (2024)
Kierch vu Biereng (2024)
Uertschaft / Plaz Biereng
Par Par Miersch
Saint-François
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl.Andreas
Baujoer 1910
Koordinaten 49° 45’ 31.7’’ N
      06° 06’ 53.7’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner ass den hellegen Andreas, deem säi Fest den 30. November gefeiert gëtt.

D'Kierch steet an der rue Wenzel zirka 60 m vum CR123 (rue d'Ettelbruck). Riets vum Agank steet eng Grott mat enger Statu.

De 6. Dezember 2023 gouf s'als national Kulturierfschaft klasséiert.[1]

Zur fréierer Par Miersch gehéieren ausser der Andreaskierch vu Biereng och nach d'Parkierch vu Miersch, d'Haupeschkierch vu Recken, d'Appoloniakierch vu Rolleng an d'Willibrorduskierch vu Schëndels.

Geschicht

änneren

1715 gouf zu Biereng op Käschte vun den Awunner vum Duerf eng nei Kapell gebaut. Et stoung awer scho virdrun eng Kapell do[2].

1909 gouf mam Bau vun der haiteger Kierch ugefaangen an am November 1910 war se fäerdeg. Am November 1978 gouf mat der Renovatioun vun der Kierch bannen a baussen ugefaangen[3]. Am Juni 1979 waren d'Aarbechten esou wäit ofgeschloss. No der Renovatioun koum d'Iddi op eng zweet Klack fir d'Kierch unzeschafen. Déi nei Klack ass du vun der Klackegéisserei Mabilon vu Saarburg am November 1980 gegoss ginn[4]. De 7. Dezember 1980 gouf déi nei Klack ageweit[5].

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Andreaskierch vu Biereng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 28. Mee 2024).
  2. Die Kapelle von Beringen am Luxemburger Wort vum 14. Februar 1900, Säit 2
  3. Die Kirche von Beringen/Mersch in neuem Gewand am Luxemburger Wort vum 14. Juni 1979, Säit 7
  4. Beringen/Mersch bekommt eine zweite Glocke am Luxemburger Wort vum 28. November 1980), Säit 6
  5. Feierliche Glockenweihe in Beringen/Mersch am Luxemburger Wort vum 10. Dezember 1980, Säit 9