Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Dëse Medezinsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den André Wynen gebuer den 8. Dezember 1923 zu Uccle, a gestuerwen den 10. Juni 2007 zu Mont-Godinne war e belschen Dokter, a Resistenzler am Zweete Weltkrich.

André Wynen
Fichier:Wynen ahor.jpg
Plakat iwwer den Dr. André Wynen bei enger Demonstratioun géint de medezinesche Streik vun 1964
Gebuer 8. Dezember 1923
Uccle/Ukkel
Gestuerwen 10. Juni 2007
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Dokter, Chirurg, Gewerkschaftler, Resistenzler

Nodeem hie vun den SS-Truppe gefaange geholl gi war, war hie fir d'éischt am Auffanglager Breendonk an duerno am KZ-Buchenwald. Zu Buchenwald krut hien eng Tuberkulosinfektioun, déi hien nom Krich zwee Joer laang an engem Schwäizer Sanatorium zu Leysin, auskuréiert huet.

Am Mäerz 1949 ass hie mat sengem Medezinstudium weidergefuer an huet 1950 säin Ofschlossexame gemaach. Duerno huet hie sech an der Chirurgie spezialiséiert.

Hie war de Grënner a laangjärege President vun der Association des chambres syndicales des médecins an der Belsch. Den André Wynen war de Leeder vum belschen Dokteschstreik tëscht dem 1. an 18. Abrëll 1964.[1],[2],[3] Wärend deem Streik gouf et Doudeger wéinst dem Manktem vu medizinescher Hëllef.[4],[5]

Referenzen änneren

  1. Dürfen Ärzte streiken? | ZEIT ONLINE. 10. April 1964.
  2. Der Streik der weißen Kittel | ZEIT ONLINE. 10. April 1964.
  3. Belgium's Striking Doctors - The New York Times. April 7, 1964
  4. Belgien/Ärztestreik: Am Galgen. - Der Spiegel 16/1964, 15. April 1964
  5. «Trágicas consecuencias de la huelga de médicos en Bélgica. Han muerto siete enfermos por falta de asistencia». La Vanguardia Española. 5 de abril de 1964.