Den André Salentiny, gebuer de 16. September 1863 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 19. Januar 1937 op der Cap, war e lëtzebuergeschen Nottär.

André Salentiny
Gebuer 16. September 1863
Gestuerwen 19. Januar 1937
Nationalitéit Lëtzebuerg

Den André Salentiny war Nottär zu Iechternach (1896-1904), Gréiwemaacher (1904-1915), Lëtzebuerg (vum 15. Mee 1915 un) an op der Kap (1921-1936).

Vun 1903 bis 1905 war hie President vum Iechternacher Verschéinerungsveräin.

Den André Salentiny, deen zu Liefzäite President vun der “Chambre des notaires” a Vizepresident vun der “Caisse hypothécaire du Luxembourg” war, ass den 22. Januar 1937 um Nikloskierfecht an der Stad begruewe ginn.

Literatur änneren

  • Massard, J.A., 2012. Die Geschichte des Echternacher Verschönerungsvereins. 1880 wurde in Echternach Luxemburgs erster Verkehrsverein gegründet. Echternach, 71 S. (Online publizéiert). [1]