Amphitheater vun Nîmes

Den Amphitheater vun Nîmes, op franséisch och Arènes de Nîmes, ass e réimeschen Amphitheater, am Zentrum vun der Stad Nîmes, déi deemools eng réimesch Kolonie mam Numm Nemausus war. E gouf ëm d'Joer 70 nom Virbild vum Kolosseum zu Roum gebaut an ass ee vun den am beschten erhalenen zouene réimeschen Amphitheateren.

Baussecht Vue op d'Arena vun Nîmes.
Bannenan; d'zentral Plaz ass temporär als Arena ageriicht.
Vue aus der Loft mat der Alstad ronderëm den Amphitheater.

D'Gebai besteet aus enger zentraler, elliptescher Plaz an huet en Duerchmiesser vu maximal 133 m a minimal 101 m, bei maximal 21 m Héicht. Ronderëm d'Arena, déi maximal 69 op 38 m breet ass, si Gradine mat 34 Sëtzreien, déi op enger verwëllefter Konstruktioun sinn.

Nom Zesummebroch vum Réimesche Räich hunn d'Wisigothen den Amphitheater als Festung ëmgebaut, an där spéiderhin Haiser an eng Kierch gebaut goufen, déi bis an d'18. Joerhonnert do stoungen.

Zanter 1863 gëtt en, fir d'Feria de Nîmes, als Arena fir Stéierkämpf benotzt, dofir säin Numm.

Nieft Stéierkämpf ginn hautdesdaags och aner kulturell Spektakele wéi Concerten dran opgefouert. En huet haut Plaz fir 16.300 Spectateuren; an der Antiquitéit waren et der bis zu 25.000.

Um Spaweck änneren

Commons: Arènes de Nîmes – Biller, Videoen oder Audiodateien